Table ronde zu HesperVerkéiersproblem a Logement am Fokus vun der Diskussioun

5 Kandidate waren op der Table ronde zu Hesper dobäi. Ma d'Harmonie tëscht de Persounen huet ee während der Diskussioun ëmmer manner bemierkt.

Gemengewahlen 2017: Table ronde zu Hesper (12.09.2017)
RTL geet an d'Gemengen a fillt kuerz virum Vote de Bols bei de Parteien.

En Dënschdeg ware mer zu Hesper an hu mat de Spëtzekandidate vun alle Parteien disku

Mat um "ronnen Dësch" souzen:

- De Marc Lies, Buergermeeschter vun Hesper (CSV)
- De Claude Lamberty, Gemengerotsmember (DP)
- De Roland Tex, Gemengerotsmember (Déi Gréng)
- D'Rita Velazquez, Gemengerotsmember (LSAP)
- De Sveinn Graas (Déi Lénk)

Moderéiert gouf d'Table ronde zu Hesper vum Claudia Kollwelter a vum Monique Kater, Animatioun vum Yann Logelin.

Mat um "ronnen Dësch" souzen:

- Marc Lies, Buergermeeschter vun Hesper (CSV)
- Claude Lamberty, Gemengerotsmember (DP)
- Roland Tex, Gemengerotsmember (Déi Gréng)
- Rita Velazquez, Gemengerotsmember (LSAP)
- Sveinn Graas (Déi Lénk)

De grousse Verkéiersproblem an de Logement stoungen en Dënschdeg de Mëtteg zu Hesper am Mëttelpunkt vun der Diskussioun, tëscht de Kandidate vun deene 5 Parteien, déi fir d'Wahlen den 8. Oktober an der Gemeng untrieden.

Vun der Ufanks genannter Harmonie, déi am Gemengerot dominéiere soll, huet een awer am Laf vun der Diskussioun iergendwéi ëmmer manner gemierkt.

RTL geet an d'Gemengen a fillt kuerz virum Vote de Bols bei de Parteien. Et war déi zweet vun am ganzen néng Table ronden op RTL Radio Lëtzebuerg, fir déi mir eraus op den Terrain ginn, fir de Lokalpolitiker op den Zant ze fillen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.