VIDEO NEWS: Wahlen zu Ëlwen a KlierfVu Majorz op Proporz: 8. Oktober an 3 Gemengen eng Première

Zu Biissen, Klierf a Ëlwen. Do gëtt also déi éischte Kéier nom Proporz-System gewielt.

Elwen a Klierf (12.09.2017)
Wéi wierkt d'Ännerung vu Majorz op Proporz sech d'Klima am Gemengereot aus?
Dat ass esou, well déi Gemengen de Seuil vun 3.000 Awunner iwwerschratt hunn. An dat bedeit, datt et net méi just eng Lëscht mat Kandidate gëtt, mee datt et Partei-Leschte ginn. Wat verännert dat ?

5.100 Awunner, 17 Dierfer an am Ganze 6 Kandidatelëschten - Klierf fir déi éischte Kéier am Proporz - eng zolidd Leeschtung. D'LSAP huet et net bis op Klierf gepackt, duerfir awer d'Piraten. Mat de Grénge si si déi éischt, déi  hir Affiche gepecht hunn. Geschäftswelt ass ee grousst Thema, all d'Parteie wëlle si beliewen, och déi vum Buergermeeschter. Am Conseilssall hätt - bis elo - d'Klima duerch Prorporz net geännert.

Aner Impressioune komme vun Ëlwen. 3.100 Awunner, 8 Dierfer a just 2 Kandidatelëschten. Eng CSV-Lëscht an eng Ëlwenter Biergerlëscht- d'Spëtzekandidaten, déi géinteneen untrieden, sinn de Buergermeeschter a säin 1. Schäffen. Proporz hätt net misse sinn, soen allebéid, bis elo hätte se gutt matenee geschafft, awer d'Stëmmung hätt sech scho geännert. Eent ass sécher: Zu Ëlwen wäert et keng Koalitioun ginn, mee  just ee Gewënner an ee Verléierer.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.