GemengewahlenCSV-Wahlplakat suergt fir Opreegung

Ee Wahlplakat vun der CSV, op deem ee Graffiti vum Kënschtler Stick ze gesinn ass, suergt den Ament fir Polemik. De Serge Wilmes huet antëscht reagéiert.

© Screenshot/Stick

Et geet méi konkret ëm eng Foto vum CSV-Spëtzekandidat an der Stad, dem Serge Wilmes. Hie gouf virun enger Mauer am Ale Schluechthaus zu Hollerech fotograféiert, op där ee Graffiti ze gesinn ass. Dëse Graffiti gouf vum Stick, engem Lëtzebuerger Graffiti-Kënschtler realiséiert.

Dee Betraffenen huet sech op Facebook opgereegt an drop higewisen, dass hien zu kengem Ament vun der CSV gefrot gouf, ob si dësen Hannergrond fir eng Foto am Kader vun der Wahlcampagne dierfte benotzen. Hie wéilt net, dass säin Numm mat enger Partei géif a Verbindung bruecht ginn an och net mat enger Entreprise oder Publicitéit. Wéi et heescht, wéilt d'CSV an engem Communiqué reagéieren.

Graffiti zu Hollerech, wou d'Foto fir d'Plakat geholl ginn ass.


"JE NE VEUX PAS ÊTRE MÊLÉ A UNE ÉLECTION"
«Je ne veux pas être mêlé à une élection ni que mon nom soit associé à quelque parti que ce soit, ni même à une entreprise ou une publicité» ... «Je veux garder mon droit à l’image et ne veux pas que mon œuvre soit utilisée à des fins commerciales ou politiques.»

© Capture d'écran/facebook


REAKTIOUN VUM SERGE WILMES um Mëttwoch an der Mëttesstonn

Serge Wilmes reagéiert op Graffiti-Affär / Rep. Frank Elsen


Well et an engem ëffentleche Raum ass, kéint jidderee Fotoe virun där Mauer mam Graffiti maachen, seet de Stater CSV-Spëtzekandidat Serge Wilmes. D'Iddi hannert där Foto war et fir de Site en Valeur ze setzen an donieft geet et ëm d'Campagne ronderëm de Spëtzekandidat an der Stad. De Message vum Plakat soll sinn, dass een eppes wëll maachen, fir d'Start-Upen an déi jonk a kreativ Industrie op deem Site, sou nach de Serge Wilmes.  

De betraffene Kënschtler hat sech jo op Facebook opgereegt an drop higewisen, dass hien zu kengem Ament vun der CSV gefrot gouf, ob si dësen Hannergrond fir eng Foto am Kader vun der Wahlcampagne dierfte benotzen. Hie wéilt net, dass säin Numm mat enger Partei géif a Verbindung bruecht ginn an och net mat enger Entreprise oder Publicitéit. Esou eng Décisioun misst ee respektéieren, betount de Serge Wilmes.

Trotz der Polemik, hätt een awer net wëlles d’Wahlplakater an Zukunft ëmzetauschen. Fir d'CSV ass et nämlech kloer wat ee mat de Plakater wollt maachen an och de Kënschtler konnt dat novollzéien, sou de Serge Wilmes. Et hätt ee Versteesdemech fir dem Kënschtler seng Reaktioun an do stellt de Serge Wilmes nach eng Kéier kloer, dass d'Plakater näischt mat der politescher Gesënnung vum Kënschtler ze dinn hunn.     

Et géif een awer weiderhi mam Kënschtler a Kontakt bleiwen, esou nach de Serge Wilmes.

Pressecommuniqué vum Serge Wilmes

"
Modern, fuerweg, multikulturell - dat ass wéi mir d’Stad gesinn.

Verschidde Plakater an der Wahlcampagne weisen e Bild vum Spëtzekandidat, der CSV an hirem Slogan „Ons Stad liewen“.

E wichtegen Deel vum Liewe vun der Stad si fir ons Start-up Entreprisen an déi kreativ Industrie. Keen bessere Site, ewéi d’Schluechthaus, kann dës Visioun verkierperen, well mir ebe grad op der Plaz en Zentrum fir dës Aktivitéite wëlle schafen.

Dofir steet de Spëtzekandidat op verschiddene Plakater um Trottoir virun enger Mauer vum Schluechthaus, déi mat Graffitien dekoréiert ass.

En Deel vun esou engem Graffiti ass als Hannergrond  op dëse Plakater ze gesinn.

An deem Kontext huet den Auteur vum Graffiti sech zu Wuert gemellt.

Ech hunn gëschter schon perséinlech mam Artiste, geschwat a mir konnten ons Positiounen austauschen.

Mat der politescher Gesënnung vum Artiste huet dat absolut näischt ze dinn.

 

Serge Wilmes, Spëtzekandidat vun der CSV Stad"

DROITS D'AUTEUR?
Ob d'Partei effektiv hätt mussen ëm Erlaabnis froen, muss gekläert ginn. Paperjam géintiwwer sot een Affekot, dass vun dem Moment un, wou ee ee Graffiti als Konscht bezeechent gëtt, ënner Ëmstänn ënnert den Droits d'Auteur fält. Wann allerdéngs déi betraffen Oeuvre an engem ëffentleche Raum ass, ka se fir kommerziell Zwecker benotzt ginn, awer nëmmen dann, wann se net den Haaptbestanddeel duerstellt. An dësem Fall ass d'Bild just am Hannergrond ze gesinn.

«Le droit d’auteur protège toutes les œuvres dites originales et ce quelle que soit la forme ou le genre de l’œuvre en question. À partir du moment où l’on considère qu’un graffiti est une œuvre – il n’y a pas encore de jurisprudence luxembourgeoise mais un graffiti revêt l’empreinte de la personnalité de son auteur –, il est susceptible d’être protégé par le droit auteur»
esou de Me David Alexandre vun Arendt & Medernach op Paperjam.lu.

«La reproduction et la commercialisation d’œuvres situées dans un lieu accessible au public sont autorisées seulement quand elles ne constituent pas le sujet principal de la reconstitution» esou de Me Alexandre nach.

Dee betraffene Kënschtler kéint deemno Plainte maachen, ob hien domadder duerchkënnt, ass eng aner Fro.

REAKTIOUNEN
De Kënschtler Sumo huet och op Facebook reagéiert.




Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.