GemengewahlenD'Piratepartei geet a 6 Gemenge mat enger Lëscht an d'Wahlen

Den 8. Oktober ass d’Piratepartei fir d’éischt bei Gemengewahlen hei am Land dobäi. A 6 Proporzgemengen trieden d’Pirate mat enger Lëscht un.

© RTL-Archiv

Progamm vun der Piratepartei / Reportage Eric Ewald



Dëst mat 3 komplette Lëschten (an der Stad, zu Péiteng an zu Réimech) a mat 3 onkompletten (zu Klierf, zu Kielen an zu Esch). D’Piratepartei stellt am Ganzen 82 Kandidaten, wouvun net grad 30% Frae sinn. Déi niddreg Quote vun de Fraen ass e klenge Bemol fir d'Piratepartei och wann d'Zuel vis-à-vis vun de leschte Chamberwahlen an d'Luucht gaangen ass.

Dem Parteipresident Sven Clement no trëtt een iwwerall un, fir gewielt ze ginn, wat a verschiddene Gemenge méi einfach, an aneren dogéint méi schwéier wär. Et wär och net verwonnerlech, dass d’Pirate grad an deene 6 Gemenge present sinn.

Zu Péiteng war een ëmmer ganz staark, an der Stad wier quasi e "must" well do net nëmme kommunal mä och national Politik gemaach gëtt, sou de Sven Clement. Zu Réimech, Klierf, Kielen an Esch hätt ee ganz engagéiert Equippen wou vill geschafft gi wier an de leschte Wochen. Zu Esch, zu Péiteng an an der Stad rechent ee sech Chancen aus e Sëtz ze kréien. Vu Réimech erhofft ee sech eng Iwwerraschung, sou de Sven Clement weider.

De Sven Clement iwwert d'Lëschte vun der Piratepartei

A 5 vun deene 6 Gemengen huet d’Piratepartei e Spëtzekandidat; just zu Esch trëtt een als Equipe un.

D’Campagne vun der Piratepartei steet ënnert dem Motto “Modern. Fair. Transparent”.

Zu Klierf setze sech d’Pirate fir eng besser Mobilitéit duerch ë.a. e Kliärref-Bus an, zu Réimech fir nei Geschäfter, zu Péiteng fir e Policebüro, dee 24 Stonnen op ass, zu Esch dofir, dass de Belval net de Virzuch kritt virun anere Quartieren, an zu Kielen fir en Enn vum Schicksal als Schlofgemeng. Wat d’Stad ugeet, konnt sech de Sven Clement eng Attack op d’adr net verknäifen. Bei de Piraten ass ee frou, dass ee potenziell problematesch Kandidate virum Depot vun der Lëscht entdeckt huet an se aus der Partei konnten ausschléissen.  

An der Stad wëll d’Piratepartei iwwregens mat 3,5 Punkten nei Iddien abréngen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.