VIDEO: 1. Table ronde Gemengewahlen 2017"105 Gemengen op 2.586 km2: Mécht dat Sënn?"

Déi éischt Table ronde vun RTL Télé Lëtzebuerg dréit ëm d'Theme Fusiounen, Finanzen, Infrastrukturen ewéi Schoulen, Crèchen, Maison-Relais, Sport a Kultur.

Gemengewahlen 2017: 1. Table ronde op der Télé (18.09.2017)
Eng éischt politesch Table ronde e Sonndeg den Owend, 17. September op RTL Télé Lëtzebuerg an am Replay op RTL.lu.

D’Invitéë waren de Roberto Traversini (déi Gréng), de Claude Haagen (LSAP), de Laurent Zeimet (CSV), d’Martine Dieschburg-Nickels (DP), de Fernand Kartheiser (ADR) an de Gary Diderich (déi Lénk).



Déi zweet Table ronde gëtt de Sonndeg, 24. September diffuséiert.  Si huet den Titel: "Wunnen, schaffen, mobil sinn: Wou sinn d’Grenze vum kommunale Wuesstem?" Et geet also ëm Landesplanung, Wunnengsbau a Mobilitéit.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.