Gemengewahlen 20173 Prioritéite fir déi Lénk, dorënner bezuelbare Wunnraum

Nieft dem Wunnraum fuerderen déi Lénk eng Demokratiséierung vum Entscheedungsprozess an eng méi sozial an ekologesch Gemengeplanung.

© Didier Weber / RTL Télé Lëtzebuerg
Programm déi Lénk / Reportage Eric Ewald



Si gesi sech den 8. Oktober als Alternativ fir ronn 250.000 Awunner: Déi Lénk, déi da mam Slogan “D’Leit staark maachen” an d'Gemengewale ginn.

3 Prioritéiten huet de Programm vun déi Lénk fir d'Gemengewalen: Et sinn dat eng Demokratiséierung vun den Entscheedungsprozesser, d'Schafe vu Wunnraum, deen ze bezuelen ass, an eng Gemengeplanung, déi op enger sozialer an ekologescher Entwécklung fousst. D'Gauche geet an 8 Proporzgemengen, dorënner an deene 7 Gréissten, a mat am Ganzen 145 Kandidaten an d'Course, wat e Rekord ass. Iwwregens sinn 49,7% vun de Kandidate Fraen!

D'Gauche setzt sech fir eng demokratesch, sozial an ekologesch Erneierung an a fir déiselwecht Rechter fir jiddereen. De leschtgenannte Punkt géif awer schonn an der Walcampagne net agehale ginn. Déi wär nämlech ënnert dem Aspekt vun der Gerechtegkeet kritesch ze kucken, sou de Porte-parole Gary Diderich. Op Grond vun neie Kritären, déi a kengem Gesetz verankert sinn, si Parteien deels bei Table Rondeen ausgeschloss an dat ass fir déi Lénk net acceptabel. 

An ondemokratesch. Déi Lénk hätt de Wahlkampfaccord dann och net ënnerschriwwen, well doran näischt limitéiert gi wär.

En zentraalt Thema an der Campagne vun der Gauche ass d'Wunnen: D'Partei gesäit sech op deem Punkt och als d'Original un. Déi aner Parteie géingen d'Thema Logement elo kopéieren, déi Lénk hunn d'Wunnen dogéint scho laang am Programm, sou d'Vera Dockendorf, Kandidatin an der Stad. Weider wär de Bilan am soziale Wunnengsbau vun der LSAP, DP an CSV, déi an der Regierung waren an och a ville Gemengen d'Majoritéit haten, net gutt. 

Virum Hannergrond vum Manktem u Wunnraum, deen ze bezuelen ass, fuerderen déi Lénk méi sozialen an ëffentleche Wunnengsbau. Donieft sollten d'Baulücken erschloss, bebaut a sollt vu rechtleche Mëttelen, déi et gëtt, profitéiert ginn.

Doriwwer eraus sollte Wunnengen, déi méi wéi e Joer eidel stinn, besteiert ginn a soll d'Spekulatioun bekämpft ginn.

Zu den Ziler fir den 8. Oktober sot de Spriecher Gary Diderich am spéide Freideg de Moien, dass een an den neie Gemengen, an deenen een untrëtt, Vertrieder an d'Réit wéilt erakréien. An de Gemengen, wou ee scho vertrueden ass, viséiert een da méi Mandater. Aktuell huet een zwee Mandater an der Stad an zu Esch a grad zu Esch ass een optimistesch, datt een der nach dobäi kréie kann.

Extrait Gary Diderich

Et ass ee bei déi Lénk dann och net ofgeneigt, fir an der Minettemetropole an eng Koalitioun ze kommen.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.