GemengewahlenPolitesch Table ronde vu Clierf

6 Kandidaten hunn e Samschdeg zu Clierf am Kader vun der 3. Table Ronde iwwer hir Prioritéite fir d'Fusiounsgemeng am Éislek diskutéiert.

© John Hilger

Mat derbäi waren den aktuellen Deputé-Maire a President vum Syvicol Emile Eicher (CSV), de Gemengerot Jacquot Junk (déi Gréng), de liberale Gemengeconseiller Raymond Beffort (DP), den Gemengerot Luc Hermes vun der Biergerlëscht, den Andy Maar (Piratepartei) an de Michel Lemaire (ADR).

Resumé Table ronde Clierf / Rep. N. Gautier an A. Goerens

Ass d'Klierfer Gemeng attraktiv genuch? Gëtt genuch gemaach fir datt d'Kantonalhaaptstad och weider Unzéiungspunkt am Éislek bleift? Dat waren d'Haaptfroe mat deene sech d'Kandidaten e Samschdeg de Mëtteg op der 3.Table ronde vun RTL en vue vun de Gemengewahlen den 8. Oktober zu Clierf beschäftegt hunn. D'Meenungen iwwert wéi an a wat investéiert gëtt, goungen auserneen. Déi eng fuerdere laangfristeg Investitiounen. Anerer gesi vill Potential, ma dat misst richteg genotzt a geréiert ginn. Doniewent war et och de Constat, datt an de leschte Joren hätt kënnen méi Drock gemaach ginn, fir Projeten ëmzesetzen.

D'Biergerbedeelegung war och ee grousse Sujet op der Table ronde. Parteiiwwergräifend gëtt gefuerdert d'Bierger an Zukunft méi a besser an d'Gemengepolitik anzebannen. Dat haaptsächlech mat engem Biergerzenter.

Déi nächst Rentrée soll de Lycée Edward Steichen zu Clierf seng Dieren opmaachen. Eng Opportunitéit duerch déi iwwert 100 Aarbechtsplaze geschaf solle ginn.

De Verkéier an der Gemeng Clierf gouf zwar nëmmen um Rand diskutéiert. Hei huet sech awer erausgeschielt, datt d'Parteien iwwergräifend fir ee City-Bus sinn an datt dréngend méi Parkplaze gebraucht ginn.

Moderatioun: Annick Goerens an Nadine Gautier, Animatioun vum Yann Logelin.

Gemengewahlen 2017: D'Table ronde vu Klierf



Gemengewahlen 2017: D'Table ronde zu Clierf (integral) (16.09.2017)
6 Kandidaten hunn e Samschdeg zu Clierf am Kader vun der 3. Table Ronde iwwer hir Prioritéite fir d'Fusiounsgemeng am Éislek diskutéiert.

Mat derbäi waren den aktuellen Deputé-Maire a President vum Syvicol Emile Eicher (CSV), de Gemengerot Jacquot Junk (déi Gréng), de liberale Gemengeconseiller Raymond Beffort (DP), den Gemengerot Luc Hermes vun der Biergerlëscht, den Andy Maar (Piratepartei) an de Michel Lemaire (ADR). - Moderatioun: Annick Goerens an Nadine Gautier, Animatioun vum Logelin.



© Nadine Gautier


IWWERBLÉCK iwwer eis Table-ronden:
Radio Lëtzebuerg sent all Kéier e puer Stonne vun der Plaz, déi lokalpolitesch Ronndësch-Gespréicher sinn ëmmer tëscht 12 an 13 Auer. Hei de geneeë Plang:

© John Hilger


9. September: Esch/Uelzecht

Mat der Buergermeeschtesch Vera Spautz (LSAP), dem Schäffe Martin Kox (déi Gréng), dem Gemengerotsmember Georges Mischo (CSV), dem Deputéierte Marc Baum (déi Lénk), de Gemengerotsmembere Pim Knaff (DP) a Zénon Bernard (KPL) an de Spëtzekandidate Louis Cimolino (adr) a Jérôme Cattani (Piratepartei).

Andréck vun Esch.

12. September: Hesper

Mat dem Buergermeeschter Marc Lies (CSV), dem Deputéierten a Gemengerotsmember Claude Lamberty (DP), dem Gemengerotsmember Roland Tex (Déi Gréng), dem Gemengerotsmember Rita Velazquez (LSAP) an dem Sveinn Graas (Déi Lénk).

Andréck vun Hesper.

16. September: Clierf (10h00-13h00)

Mat derbäi den aktuellen Deputé-Maire a President vum Syvicol Emile Eicher (CSV), de Gemengerot Jacquot Junk (déi Gréng), de liberale Gemengeconseiller Raymond Beffort (DP), de Gemengerot Luc Hermes vun der Biergerlëscht, de Andy Maar (Piratepartei) an de Michel Lemaire (ADR).

19. September: Ettelbréck (11h00-14h00)

23. September: Jonglënster (12h00-15h00)

26. September: Déifferdeng (11h00-14h00)

30. September: Gréiwemaacher (12h00-15h00)

3. Oktober: Lëtzebuerg (11h00-14h00)



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.