GemengewahlenPolitesch Table ronde vun Ettelbréck elo am Replay

4 Kandidaten hunn zu Ettelbréck am CAPE op der 4. Table ronde vum Radio virun de Gemengewahlen iwwer hir Prioritéite fir d'Nordstad-Gemeng diskutéiert.

Gemengewahlen 2017: D'Table ronde zu Ettelbréck (integral) (19.09.2017)
Sécherheet, Geschäftswelt, Nordstad an Trafic hunn den Debat dominéiert.

Mam aktuelle Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf (CSV), dem Schäffe Bob Steichen (LSAP), dem liberale Conseiller Alain Feypel an dem Conseiller Abbes Jacoby (déi Gréng).

Mat derbäi waren den aktuelle Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf vun der CSV, de Schäffe Bob Steichen vun der LSAP, de liberale Conseiller Alain Feypel an de Conseiller Abbes Jacoby vun déi Gréng.

Table ronde Ettelbréck





Table ronde Ettelbréck/Reportage Annick Goerens



D'Sécherheet, de Commerce, d'Nordstad an de Verkéier. Dat sinn déi 4 Haaptthemen, déi op der véierter Table ronde am CAPE zu Ettelbréck dominéiert hunn. E ganz animéierten Debat, bei deem sech d'Oppositioun an déi aktuell Koalitioun LSAP-CSV net ëmmer eens waren.

Ugefaange beim Haaptsujet, deen zu Ettelbréck ëmmer nees op den Dësch kënnt, dat ass d'Sécherheet. Ob et just e subjektiv Gefill ass vun der Onsécherheet duerch negativ Schlagzeilen oder ob et e reelle Problem ass, dorop gouf et keng richteg Äntwert. Ma de Problem muss ugepaakt ginn, mengt de Gemengeconseiller Alain Feypel vun der DP. Et bräicht een e Policebüro, dee 24 Stonnen op 24 op ass. Op sensibele Plazen soll et Video-Iwwerwaachung ginn, wéi et am Koalitiounsvertrag stoung.

D'Sécherheet oder besser d'Gefill vun der Onsécherheet ass och schlecht fir de Commerce, fënnt den LSAP-Schäffe Bob Steichen. Et misst ee sech méi positiv verkafen, et kéint een och Immobilien opkafen a weiderverlounen.

Déi Gréng sëtzen a punkto Sécherheet méi op Präventioun a gesinn de Problem, wat eidel Geschäftsstroossen ugeet, méi regional. De Gemengerotsmember Abbes Jacoby sot, datt dëst een allgemenge Phänomen wier. Dat géif een och an anere Stied gesinn. Et misst ee sech am Kader vun der Nordstad zesumme Gedanke maachen.

A puncto Nordstad bedauert och den CSV-Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf, dass et net virugeet. De Comité politique, an deem déi 6 Schäfferéit aus de Nordstad-Gemenge beieneesëtzen, hätt keng "Entité juridique". Et bräicht een e Syndikat à vocations multiples. Et géif een awer zënter annerhallwe Joer waarden, datt den Inneminister Dan Kersch den Dossier virubréngt.

Wat de Verkéiers-Kollaps an a ronderëm Ettelbréck ugeet, do plädéieren all d'Kandidaten an hiren Walprogrammer fir de Contournement Feelen. Et misst méi Drock op nationalem Niveau gemaach ginn. Just déi Gréng mengen, dass et domat net gedoen ass.


Déi nächst Table ronde ass e Samschdeg am Osten, zu Jonglënster.

IWWERBLÉCK iwwer eis Table-Ronden:

Radio Lëtzebuerg sent all Kéier e puer Stonne vun der Plaz, déi lokalpolitesch Ronndësch-Gespréicher sinn ëmmer tëscht 12 an 13 Auer. Hei de geneeë Plang:

9. September: Esch/Uelzecht

Mat der Buergermeeschtesch Vera Spautz (LSAP), dem Schäffe Martin Kox (déi Gréng), dem Gemengerotsmember Georges Mischo (CSV), dem Deputéierte Marc Baum (déi Lénk), de Gemengerotsmembere Pim Knaff (DP) a Zénon Bernard (KPL) an de Spëtzekandidate Louis Cimolino (adr) a Jérôme Cattani (Piratepartei).

Andréck vun Esch.

12. September: Hesper

Mat dem Buergermeeschter Marc Lies (CSV), dem Deputéierten a Gemengerotsmember Claude Lamberty (DP), dem Gemengerotsmember Roland Tex (Déi Gréng), dem Gemengerotsmember Rita Velazquez (LSAP) an dem Sveinn Graas (Déi Lénk).

Andréck vun Hesper.

16. September: Clierf

Mam aktuellen Deputé-Maire a President vum Syvicol Emile Eicher (CSV), de Gemengerot Jacquot Junk (déi Gréng), de liberale Gemengeconseiller Raymond Beffort (DP), de Gemengerot Luc Hermes vun der Biergerlëscht, de Andy Maar (Piratepartei) an de Michel Lemaire (ADR).

Andréck vu Clierf.

19. September: Ettelbréck (11h00-14h00)

Mam aktuelle Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf (CSV), de Schäfferot Bob Steichen (LSAP), de liberale Gemengerot Alain Feypel an de Gemengerot Abbes Jacoby (déi Gréng).

23. September: Jonglënster (12h00-15h00)

26. September: Déifferdeng (11h00-14h00)

30. September: Gréiwemaacher (12h00-15h00)

3. Oktober: Lëtzebuerg (11h00-14h00)



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.