"Iddie fir d’Zukunft no vir bréngen"Publikatioun vum Mouveco zum Thema Gemengewahlen

De Mouveco huet e Méindeg eng Publikatioun zum Thema Gemengewahlen an 3 Sproochen erausginn mat 9 zentralen Impulser.

"Iddie fir d’Zukunft no vir bréngen", ënnert deem Slogan huet de Mouvement écologique e Méindeg de Moien déi wesentlech Erausfuerderungen fir d’Gemengen definéiert. De Mouveco huet eng Publikatioun zum Thema Gemengewahlen an 3 Sproochen erausginn, an deem se an den Detail ginn wat d’Gemengen an de verschidde Beräicher vun der nohalteger Entwécklung kënne maachen, also Logement, Waasser a.s.w. De Mouvement huet 9 Zentral Impulser dovun definéiert, wou si soen, datt d’Gemengen déi Acteure sinn, déi vun ënnen erop fir en anere Gesellschaftsmodell suerge kënnen.

D'Presidentin vum Mouvement écologique Blanche Weber präziséiert, dass et ëmmer méi Leit ginn, déi dee Konsum an déi Ofhängegkeet vum Weltmaart net méi wëllen. Grad d'Gemenge kënnen aner Iddie-Modeller vun dësem Zesummeliewen pushen, wéi Kooperative vu Leit, aner Wunn-Formen oder en anert Mateneen tëscht Landwirtschaft a Konsument ënnerstëtzen. Ma och déi Bierger ënnerstëtzen, déi en anert Mateneen an der Gemeng wëllen organiséieren, wéi zum Beispill nei Noperschaftsmodeller. D'Presidentin ënnersträicht, d'Gemengen hätten e Roll z'erfëllen. Et misst eng gewëssen Opbroch-Stëmmung an eiser Gesellschaft ënnerstëtzt ginn, dass een zwar viru ville Problemer steet, mä wa mer all zesumme wëllen, et nei Iddien a Perspektive gëtt, fir d'Liewen nee méi flott ze maachen.

D'Blanche Weber



Et misst un nei Formen vu Biergerbedeelegung geduecht ginn. Och d'Kanner an déi Jonk misste méi eescht geholl a mat agebonne ginn an d'Decisiounen. Aner Themen, déi de Mouveco opgräift,l ass natierlech de Wunnraum, dee geschaaft misst ginn a Virreider sinn, fir eng méi nohalteg Entwécklung, esou nach d'Blanche Weber.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.