Wahlprogramm Stater DPMéi Liewensqualitéit, gréisser Parkhaiser an nei Boulevarden

Quasi au grand complet, mat 23 vu 27 Kandidaten, huet d'Stater DP am Centre culturel zu Weimerskierch hire Wahlprogramm fir d'Gemengewahlen presentéiert.

Déi Liberal, ëm d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer, wëllen d'Haaptstad, wéi si soen, lieweg halen an anengems d'Liewensqualitéit vun den Awunner verbesseren, zum Beispill duerch d'Vernetzung vun de Gréngflächen, Plaz fir all Kand an de Schoulfoyeren a Léisungen an der Mobilitéit.

Weder de Vëlo nach den Tram eleng kéinten d'Verkéiersproblemer léisen, fënnt d'DP. D'Leit, déi an d'Stad schaffe kommen, missten sou wäit wéi méiglech ausserhalb vun der Stad op den ëffentlechen Transport bruecht ginn. Donieft missten awer och d'Parkhaiser weider ausgebaut a moderniséiert ginn an de Bau vun neie  Boulevarden fir den Duerchgangsverkéier zu Märel an zu Zéisseng weidergedriwwe ginn.

D'Prioritéite "Kanner", "Mobilitéit" a "Logement", déi d'Demokratesch Partei scho viru Méint fixéiert huet, wiere quasi an all anere Wahlprogrammer iwwerholl ginn, freet sech d'Lydie Polfer. A wéi wäit dat eng Zesummenaarbecht an engem nächste Schäfferot géif beaflossen, do wollt sech d'Lydie Polfer net an d'Kaarte kucke loossen. Koalitiounsaussoen virun de Wahlen wier net respektvoll par Rapport zum Bierger. Dat heescht  also offiziell weder eng Undeitung a Richtung CSV, nach e kloert Bekenntnis fir eng Reprise vu Blo-Gréng.

© DP


Effektiv hätt een eng gutt Aarbecht zesumme gemaach, sou d'Lydie Polfer, wéi och schonn déi 3  Legislaturen virdrun mat der CSV. Et géif op der Hand leien, dass "et muss gemaach ginn", wat an hiren Aen awer och wichteg ass, ass d'Manéier wéi een zesummeschafft.

D'Lydie Polfer



Déi Manéier, fir Politik ze maachen, géif d'DP vläicht am meeschten vun deenen anere Parteien ënnerscheeden, sou d'Lydie Polfer. Déi Liberal géifen op d'Leit duergoen a Saachen am Dialog mat de Bierger ëmsetzen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.