Sujeten um City BreakfastGemengewahlen, 2 nei Appen a positive Bilan Schueberfouer

Ronn 35'000 Leit ginn a gutt 2 Wochen an der Stad wielen, dovu 6'500 Net-Lëtzebuerger. Datt sinn déi lescht Chifferen, déi e Mëttwoch presentéiert goufen.

© Didier Weber / RTL Télé Lëtzebuerg
D'Stater Buergermeeschtesch huet betount, datt all Joers 10% vun den Awunner Leit sinn, déi nei an d'Stad wunne kommen, souwuel Lëtzebuerger wéi och Net-Lëtzebuerger. Fir dëse Leit d'Méiglechkeet ze ginn, sech sou séier wéi méiglech anzeliewen, gëtt et zanter enger Rei Joren eng Kollaboratioun mam "Just Arrived Ambassador Club" opgebaut, seet d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer.

D'Lydie Polfer



Et war iwwregens de leschte City Breakfast virun de Wahlen, an de Programm war gutt gefëllt. Direkt 2 nei Applikatioune goufe virgestallt. Eng déi Persounen déi méi schlecht gesinn de Gebrauch vum ëffentlechen Transport soll erliichteren. Eng zweet nei Applikatioun fir den Handy, gëtt dem Utilisateur engersäits zousätzlech Informatiounen a reell Zäit op de Busarrêten, bitt anersäits awer och en touristeschen Trajet duerch d'Stad un, erkläert de Stater Schäffe Patrick Goldschmidt.

De Patrick Goldschmidt

E positive Bilan gouf vun der Schueberfouer gezunn, an et ass och schonn no vir gekuckt ginn, op d'Feierlechkeeten am Wanter. Fir d'Winterlights verlount d'Stad Lëtzebuerg nämlech Chaleten un Associatiounen, awer och un privat Leit, déi hir artisanal oder artistesch Kreatioune wëlle verkafen.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.