GemengewahlenÉischt offiziell Table ronde um Radio

Mat Vertrieder vun de verschiddenste Parteien aus de verschiddenste Gemenge hu mer iwwer d'Gemengewahlen den 8. Oktober geschwat.

1. Offiziell Table Ronde op RTL Radio Lëtzebuerg (24.09.2017)
Mat dobäi: Christine Schweich (LSAP), Max Hahn (DP), Michel Wolter (CSV), Roy Reding (ADR), Henri Kox (Déi Gréng), Line Wies (Déi Lénk)

D'Gemenge vu muer, sollen dat Fusionéierter sinn, oder solle se vläicht éischter a Gemengesyndikater zesumme schaffen?

Ee vun den Themen, iwwer déi an der offizieller Tableronde vun 11 bis 12 um RTL Radio Lëtzebuerg kontrovers diskutéiert ginn ass, sinn d'Fusioune vun de Gemengen. Dës goufe mat der Trennung vu Kierch a Staat verglach, an dem „Forcing“ vu Säite vun der Regierung.

Och den Asaz vun der Gemengen, wat d'Creatioun vu Logement ugeet, war ee sech net eens. Déi Lénk haten d'Line Wies delegéiert, si ass Kandidatin zu Esch a fuerdert am Numm vun hirer Partei, méi Transparenz an den Decisiounen an datt de Bierger an de Gemengen-Alldag agebonne gëtt.

De Resumé vun der Table ronde vum Monique Kater


1. Offiziell Table Ronde op RTL Radio Lëtzebuerg

Déi éischt Offiziell Table ronde war e Sonndeg vun 11 bis 12 an ass an der Rediffusioun Owes no 20 Auer.

Mat dobäi:

Den Henri Kox, Député-Maire vu Réimech
D'Line Wies vun der Escher Sektioun vun déi Lénk
Den adr-Deputéierte Roy Réideng
D'Christine Schweich, LSAP-Buergermeeschtesch vu Monnerech
De Michel Wolter, CSV an Député-Maire vu Käerjeng a
De Max Hahn, 1. Schäffe vun Dippech a fir d'DP an der Chamber

Als Thema gouf „D'Zukunft vun de Gemenge“ virginn, also wéi eng modern Gemeng soll funktionéieren a gefouert ginn.

Moderatioun: Monique Kater a Claudia Kollwelter.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.