AUDIO a VIDEO: GemengewahlenAniméiert Ronn bei der Table ronde zu Déifferdeng

7 Parteie stinn den 8. Oktober zur Wiel an d’Spëtzekandidate waren op der Maartplaz versammelt, fir sech eise Froen ze stellen

Table Ronde Gemengewahlen Déifferdeng (26.09.2017)
7 Parteie stinn den 8. Oktober zur Wiel an d’Spëtzekandidate waren op der Maartplaz versammelt, fir sech eise Froen ze stellen
Déi ganz Table-Ronde zu Déifferdeng



Invitéë waren den aktuelle gréngen Député-maire Roberto Traversini, den éischte Schäffen an LSAP-Spëtzekandidat Erny Muller, den Tom Ulveling, deen och aktuelle Schäffen ass a fir d'CSV an d'Course geet, den aktuelle Gemengerot Gary Diederich vun Déi Lénk, de François Meisch vun der DP, den ADR-Kandidat Gilles Carlizzi an de KPL-Gemengerotsmember Ali Ruckert.



Table Ronde Déifferdeng/Reportage Joel Detaille


Sujete waren ënnert anerem de vergläichsméisseg héije Chômage, de Problem vu bezuelbarem Wunnraum oder de Commerce am Stadkär, deen ëmmer méi kleng gëtt. Et war dann och nawell eng animéiert Ronn.

Et hätt ee gutt geschafft a vill kënnen ëmsetzen, sot virop de Buergermeeschter Roberto Traversini, deen déi aktuell sougenannte Kenya-Koalitioun tëscht Gréng, LSAP an CSV zu Déifferdeng uféiert. Ouni wëlle méiglech Koalitiouns-Aussoen fir d'Wahlen ze maachen, konnte sech och den Erny Muller vun de Sozialisten an den Tom Ulveling vun der CSV deem Fazit uschléissen.

Aner Téin waren et dergéint vun den Oppositiounsvertrieder François Meisch (DP) Gary Diederich (Déi Lénk), Ali Ruckert (KPL) a Gilles Carlizzi (ADR).

Zu ville Sujete gouf kontrovers diskutéiert, beispillsweis wéi et ëm d’Gemengeschold goung. Brauche mécht een dergéint eng Léisung a Punkto Verkéiersproblematik, wéi och bezuelbarem Wunnraum, nom aktuelle Bau-Stopp dee weiderhi leeft. Och wéi et ëm d’Schoul-Infrastruktur zu Déifferdeng gaangen ass, sinn d’Emotioune méi héich geschloen.

Oneens war ee sech och wéi et ëm de Commerce am Déifferdenger Stadkär goung. Am Oktober soll jo den neien Akafszenter Opkorn opgoen mat Hypermarché an Dosende Butteker a Restauranten. Parallel den Déifferdenger Stadkär ze revaloriséieren, wäert fir den nächste Gemengerot eng vun de groussen Erausfuerderunge ginn.

IWWERBLÉCK iwwer eis Table-Ronden:


Radio Lëtzebuerg sent all Kéier e puer Stonne vun der Plaz, déi lokalpolitesch Ronndësch-Gespréicher sinn ëmmer tëscht 12 an 13 Auer. Hei de geneeë Plang:

9. September: Esch/Uelzecht

Mat der Buergermeeschtesch Vera Spautz (LSAP), dem Schäffe Martin Kox (déi Gréng), dem Gemengerotsmember Georges Mischo (CSV), dem Deputéierte Marc Baum (déi Lénk), de Gemengerotsmembere Pim Knaff (DP) a Zénon Bernard (KPL) an de Spëtzekandidate Louis Cimolino (adr) a Jérôme Cattani (Piratepartei).

Andréck vun Esch.

12. September: Hesper

Mat dem Buergermeeschter Marc Lies (CSV), dem Deputéierten a Gemengerotsmember Claude Lamberty (DP), dem Gemengerotsmember Roland Tex (Déi Gréng), dem Gemengerotsmember Rita Velazquez (LSAP) an dem Sveinn Graas (Déi Lénk).

Andréck vun Hesper.

16. September: Clierf

Mam aktuellen Deputé-Maire a President vum Syvicol Emile Eicher (CSV), de Gemengerot Jacquot Junk (déi Gréng), de liberale Gemengeconseiller Raymond Beffort (DP), de Gemengerot Luc Hermes vun der Biergerlëscht, de Andy Maar (Piratepartei) an de Michel Lemaire (ADR).

Andréck vu Clierf.

19. September: Ettelbréck (11h00-14h00)

Mam aktuelle Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf (CSV), de Schäfferot Bob Steichen (LSAP), de liberale Gemengerot Alain Feypel an de Gemengerot Abbes Jacoby (déi Gréng).

Andréck vun Ettelbréck

23. September: Jonglënster (12h00-15h00)

Mam aktuelle Buergermeeschter Romain Reitz (CSV), den 1. Schäffen Mike Hagen (LSAP), de Gilles Baum (DP) an de Christian Kmiotek (déi Gréng).

Andréck vu Jonglënster

26. September: Déifferdeng (11h00-14h00)
Mat dem député-maire Roberto Traversini (déi Gréng), den éischte Schäffen Erny Muller (LSAP), de Schäffen Tom Ulveling (CSV), de Gary Diederich (Déi Lénk), de François Meisch (DP), de Gilles Carlizzi (ADR) an den Ali Ruckert (KPL).

30. September: Gréiwemaacher (12h00-15h00)

3. Oktober: Lëtzebuerg (11h00-14h00)



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.