Elo am ReplayVerreenten, awer vill besichten Table ronde zu Gréiwemaacher

D'Table ronde zu Gréiwemaacher gouf moderéiert vum Claude Zeimetz a Carine Lemmer, Animatioun vum Yann Logelin.

Table ronde vu Gréiwemaacher: Verreent, awer gutt besicht (02.10.2017)
D'Table ronde zu Gréiwemaacher gouf moderéiert vum Claude Zeimetz a Carine Lemmer, Animatioun vum Yann Logelin.

Déi virlescht Statioun vun eisen Table ronden an de Gemengen, en Vue vun de Gemengewahlen den 8. Oktober, war e Samschdeg zu Gréiwemaacher.

D'Table ronde vu Gréiwemaacher



4 Parteie hu sech do dem Wieler gestallt an et haten nawell vill Leit de Wee op d'Gemengeplaz fonnt, déi och de Reen net gescheit hunn.

Invitéiert waren de Buergermeeschter Leon Gloden CSV, de grénge Schäffen Marc Krier, d’Deputéiert an LSAP-Gemengeconseillère Tess Burton an den DP-Gemengerotsmember René Sertznig.

Den Duell an d'Divergenzen tëscht dem Léon Gloden, CSV-Buergermeeschter, an dem René Sertznig, DP-Conseiller, hunn d'Table ronde dann och zum Deel dominéiert.

D'DP reprochéiert der CSV déi lescht 6 Joer eng irresponsabel Finanzpolitik gemaach ze hunn, ze vill Scholden opweises ze hunn. Stëmmt net, seet de Buergermeeschter. Mir hu Maacher no 12 Joer aus dem Dornröschenschlof erwächt, hunn 49 Milliounen investéiert an „nëmmen“ 6,4 Millioune Schold gemaach.

De Resumé vun der Table ronde zu Maacher - C. Lemmer

Een Thema e Samschdeg de Mëtteg war och eng méiglech Gemengefusioun vu Maacher. Prinzipiell ass keen dogéint. Mä vun uewen erof kéint näischt diktéiert ginn, de Bierger misst wëllen.

De Buergermeeschter Léon Gloden sot och, beim theoretesche Sondéiere wär hien an den Nopeschgemengen op wéineg Interessi gestouss. Maacher hätt eng gewëssen Aura an déi aner Gemenge géife fäerten, dovunner e bëssen iwwerrannt ze ginn.

Eng Fusioun wär e schwieregt Thema.


Iwwerbléck iwwer eis Table-Ronden

Radio Lëtzebuerg sent all Kéier e puer Stonne vun der Plaz, déi lokalpolitesch Ronndësch-Gespréicher sinn ëmmer tëscht 12 an 13 Auer. Hei de geneeë Plang:

9. September: Esch/Uelzecht

Mat der Buergermeeschtesch Vera Spautz (LSAP), dem Schäffe Martin Kox (déi Gréng), dem Gemengerotsmember Georges Mischo (CSV), dem Deputéierte Marc Baum (déi Lénk), de Gemengerotsmembere Pim Knaff (DP) a Zénon Bernard (KPL) an de Spëtzekandidate Louis Cimolino (adr) a Jérôme Cattani (Piratepartei).

Andréck vun Esch.

12. September: Hesper

Mat dem Buergermeeschter Marc Lies (CSV), dem Deputéierten a Gemengerotsmember Claude Lamberty (DP), dem Gemengerotsmember Roland Tex (Déi Gréng), dem Gemengerotsmember Rita Velazquez (LSAP) an dem Sveinn Graas (Déi Lénk).

Andréck vun Hesper.

16. September: Clierf

Mam aktuellen Deputé-Maire a President vum Syvicol Emile Eicher (CSV), de Gemengerot Jacquot Junk (déi Gréng), de liberale Gemengeconseiller Raymond Beffort (DP), de Gemengerot Luc Hermes vun der Biergerlëscht, de Andy Maar (Piratepartei) an de Michel Lemaire (ADR).

Andréck vu Clierf.

19. September: Ettelbréck (11h00-14h00)

Mam aktuelle Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf (CSV), de Schäfferot Bob Steichen (LSAP), de liberale Gemengerot Alain Feypel an de Gemengerot Abbes Jacoby (déi Gréng).

Andréck vun Ettelbréck

23. September: Jonglënster (12h00-15h00)

Mam aktuelle Buergermeeschter Romain Reitz (CSV), den 1. Schäffen Mike Hagen (LSAP), de Gilles Baum (DP) an de Christian Kmiotek (déi Gréng).

Andréck vu Jonglënster

26. September: Déifferdeng (11h00-14h00)

Mam Député-maire Roberto Traversini (déi Gréng), dem éischte Schäffen Erny Muller (LSAP), dem Schäffen Tom Ulveling (CSV), dem Gary Diederich (Déi Lénk), dem François Meisch (DP), dem Gilles Carlizzi (ADR) an dem Ali Ruckert (KPL).

Andréck vun Déifferdeng

30. September: Gréiwemaacher (12h00-13h00)

Mam Député-maire Léon Gloden (CSV), dem Schäffe Marc Krier (Spëtzekandidat Déi Gréng), dem Tess Burton (LSAP) an dem René Sertznig (DP).

3. Oktober: Lëtzebuerg (11h00-14h00)



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.