VIDEO: "Räichste Gemeng vum Land"Statistesch gesi lieft een zu Weiler zum Tuerm am Wuelstand

Dem sozio-economeschen Index vum Statec no sinn d'Awunner vu Weiler an der Moyenne am Räichsten. Iwwer d'Gemengefinanze seet dat awer näischt aus.

Portrait vu Weiler-zum-Tuerm (26.09.2017)
Dem sozio-economeschen Index vum Statec no sinn d'Awunner vu Weiler an der Moyenne am Räichsten. Iwwer d'Gemengefinanze seet dat awer näischt aus.
E Méindeg hate mer iech déi statistesch "äermste Gemeng am Land" mat Wolz virgestallt.

VIDEO: "Äermste Gemeng vum Land: "Zu Wolz kënne sech d'Awunner finanziell am mannsten erlaben

En Dënschdeg gi mer dann op Weiler zum Tuerm, souzesoen déi "räichste Gemeng". Fir d'Statistik gouf ënnert anerem den Undeel u Leit gekuckt, déi am Chômage oder Elengerzéier sinn oder als Akommes den RMG hunn. An och hei soen d'Zuelen näischt iwwert d'Gemengefinanzen aus. Bei der Gemeng selwer war een iwwer den héije Ranking vum Statec iwwerrascht gewiescht, seet d'Buergermeeschtesch Cécile Hemmen.

Weiler zum Tuerm ass verdreemt an idyllesch, Moies wiertes. D’Ëmfeld erënnert mat Amenter un „Desperate Housewives“. Et ass Liewen um Land. wéi an enger anerer Dimensioun, duerfir ass soziale Wunnengsbau och net méiglech.

5 Parametere huet de Statec erbäigezunn, fir de sozio-economeschen Index ze rechnen, dorënner de Chômage, d’Zuel vun de Leit, déi mam RMG liewen an de sougenannte Medianloun, déi Zomm, déi déi eng Halschent vun den Awunner op d’mannst de Mount verdéngt an déi aner Halschent héchstens. Mat esou vill Geld an der Täsch ass d’Populatioun exigent an diskret.



An der Press ass een héchstens emol mat de geleeëntleche Geschichte vun engem onnatierlechen Doud oder Zechprellerei. Trotzdeem ass d’Statec-Analys genee esou ongerecht fir Weiler, wéi fir Wolz. Och wann een et hei net gär héiert, mä Weiler ass eng Schlofgemeng am Speckrimm vun der Stad, ouni Industriezon, ouni Geschäftszenter, mä duerfir mat engem klenge Krees vun Awunner, déi sech et kënnen erlaben.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.