Elo am Replay: FACE-À-FACEHëtzegen Duell tëscht Roberto Traversini a François Meisch

En Donneschdeg den Owend sinn de Roberto Traversini (déi Gréng) an de François Meisch (DP) vun Déifferdeng fir e FACE-À-FACE op der Tëlee.

FACE-À-FACE: Roberto Traversini a François Meisch (28.09.2017)
En Donneschdeg den Owend waren de Roberto Traversini (déi Gréng) an de François Meisch (DP) vun Déifferdeng fir e FACE-À-FACE op der Tëlee.
Wéi et den 8. Oktober bei de Gemengewahlen ausgeet, ass jo apaart zu Déifferdeng ganz spannend. De grénge Buergermeeschter, Roberto Traversini, an den DP-Spëtzekandidat, François Meisch, sinn dann och ferm unenee geroden.

Iwwer de Putsch vun 2014 zu Déifferdeng hu sech déi Zwee zerstridden. D'DP ass implodéiert, esou de Roberto Traversini. Et wier ee Verrot gewiescht, sou den François Meisch, well si zwar d'Politik vum DP-Déi Gréng Koalitiounsprogramm applizéiert hätten, mee deemools zu 3 Gréng mat der CSV an de Sozialisten d'Muecht u sech gerappt hätten.

Am Kontext vun der "Enveloppen-Affär" huet de Roberto Traversini gesot, datt de François Meisch sech soll schummen. Hien hätt deemools Drock gemaach op Beamten, fir ze léien. Béide Politiker war de Sujet awer e bëssen penibel.

Duerno goung e ëm déi gréng Politik am Stadkär. Dat géing de Logement behënneren. , sou d'DP. D'Gemeng soll de Wuesstem am Wunnbau kënne steieren, sou de Buergermeeschter. Et wier een am Gaang, 2 Schoulen ze plangen, sou de Roberto Traversini, et wieren elo 300 Kanner méi zu Déifferdeng.



An ärem Wahlprogramm steet näischt Konkretes iwwer d'Lutte géint de Chômage, sou de François Meisch. Mir hunn de Cactus an de Pallzenter a 7 Handwierksbetriber op Lëtzebuerg bruecht, sou d'Äntwert vum Buergermeeschter.

Et wëll een déi stäerkste Fraktioun ginn. Iwwer Poste wëll hien elo net schwätzen, sou den François Meisch, dee sech awer net automatesch géint eng Koalitioun mat de Grénge wollt ausschwätzen, ob en eng Famill oder eng Partei wielt, sou de Roberto Traversini.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.