Elo am Replay: FACE-À-FACED'Vera Spautz an de Georges Mischo schenke sech näischt

En Donneschdeg den Owend sinn d'Vera Spautz (LSAP) an de Georges Mischo (CSV) fir e FACE-À-FACE op der Tëlee.

FACE-À-FACE: Esch: Vera Spautz-Georges Mischo (28.09.2017)
En Donneschdeg den Owend waren d'Vera Spautz (LSAP) an de Georges Mischo (CSV) fir e FACE-À-FACE op der Tëlee.

Och wann zu Esch d'Spannung manner grouss ass, wien de Buergermeeschter stellt, sou ass awer och do guer net sou kloer, wéi eng Koalitioun kënnt. Am Duell tëscht LSAP-Buergermeeschtesch an CSV-Spëtzekandidat hu sech d'Vera Spautz an de Georges Mischo och näischt geschenkt.

Et wëll een d'Mixitéit ënnerstëtzen. D'Escher sinn houfreg op hir Stad, sou d'Vera Spautz. All déi Aktiounen wéi d'Jardins éphémères kommen zoufälleg just virun de Wahlen, sou de Georges Mischo. Zu Esch leeft een hannert der Musek, wéi Sportshalen oder Start-Uppen. D'Opgoen vun Esch-Schëffleng an den Terres Rouges hunn alles geännert, sou d'Vera Spautz. Bis elo hat een einfach keng Terrainen zu Esch, mat der Ausnam vun den Nonnewisen.

Lalleng an Nonnewisen brauche Schoulen. Et muss virugoen, sou de Georges Mischo. Dir hutt all eis Projeten matgestëmmt, sou d'Vera Spautz. Eng ganz Rei Escher Schüler géingen elo an d'International School goen.



Et wëll een net déi nämmlecht Feeler maachen fir Esch-Schëffleng wéi fir Esch Belval, sou d'Vera Spautz. Fir d'Kulturhaaptstad 2022 kéint een do e puer Gebaier zur Verfügung gestallt kréien. Et misst ee scho méi wäit sinn, fir méi konkret Saachen ze plangen, kritiséiert de Georges Mischo. Et misst ee mat ArcelorMittal schwätzen. De Michel Wurth hätt him gesot, datt bei verschiddene Projeten d'Escher Gemeng gebremst hätt.

Dernieft dierft Esch Belval kee "Luxus-Ghetto" ginn, sou béid Politiker.

RTL-NEWS: FACE-À-FACE tëscht Roberto Traversini a François Meisch

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.