Proaktive PechertWahlplakater-Gaffe: Michel Wolter op Yves Cruchten gepecht

Vun Nidderträchtegkeet huet den LSAP-Politiker Yves Cruchten geschwat. Den CSV-Politiker Michel Wolter huet sech fir de Mëssel entschëllegt. ProActif och.

© Yves Cruchten
Wat war geschitt? Um Freideg de Moie waren op Plakater vum LSAP-Kandidat Yves Cruchten op eemol Biller vum CSV-Kandidat Michel Wolter ze gesinn. Einfach driwwer gepecht. Ee Passant hat den Yves Cruchten drop opmierksam gemaach an him Fotoen an e Video geschéckt, déi de Politiker dunn op seng Facebooksäit gesat huet.

Plakater iwwerpechen/Reportage Nadine Gautier


Et wier déi éischte Kéier, datt him eppes vun deem Genre während enger Wahlcampage geschitt wier, sot den Yves Cruchten. D’LSAP hätt dëst Joer scho ganz vill Plakater futtigemaach kritt. Mä dat dote wier eng nei Qualitéit, esou den LSAP-Politiker op Facebook.




Sabotage war dat doten net, seet iwwerdeems den CSV-Politiker a Spëtzekandidat zu Käerjeng, de Buergermeeschter Michel Wolter. D'CSV hätt keen ugestallt, Plakater z’iwwerpechen, vill méi géif et sech hei ëm ee Feeler vun engem Mataarbechter vu ProActif handelen. Déi ginn nämlech fir d’Partei d’Panneauen ophänken.




Mëttlerweil hu sech d’Gemidder dann och nees berouegt. D’CSV Käerjeng huet sech bei der LSAP fir de Virfall entschëllegt, schreiwen de Michel Wolter an den Yves Cruchten op Facebook.




Och den Direkter vun der Societéit Pro Actif, de Romain Schmit, huet sech no der Aktioun zu Wuert gemellt. Och hie schwätzt vun engem Feeler, deen engem vu senge Mataarbechter ënnerlaf wier. Pro Actif wier neutral.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.