VIDEOWahl-Taxi: De Making-of vun der Emissioun

Et ass e ganzt neit Konzept, Politiker eng Kéier aneschters ze erliewen, ewéi mer se gewinnt sinn.

Wahl-Taxi: De Making-of vun der Emissioun (03.10.2017)
Mir huelen Iech mat hannert d’Kulissen a weisen Iech, wat fir een Opwand hannert esou enger klenger Emissioun stécht.
D’Iddi war, mat hinne mam Auto duerch hir Gemeng ze fueren a se wärenddeem ze interviewen.

D’Invitéë ware jeeweils d’Buergermeeschteren an d'Haaptoppositiounspolitiker an dëst aus den zwou gréisste Stied hei zu Lëtzebuerg, also d’Stad an Esch.

Um Dënschdeg huele mer Iech mat hannert d’Kulissen a weisen Iech, wat fir en Opwand hannert esou enger klenger Emissioun stécht.

Wat bei all de Gespréicher erauskomm ass, wie sech gutt a wie sech manner gutt verkaf huet, dat gesitt Dir bei eise Kollegen am Journal op RTL Télé Lëtzebuerg an duerno hei op RTL.lu.




Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.