Am Replay kucken!FACE-À-FACE: 5 Stater Kandidaten am Duell

En Donneschdeg den Owend goufen op der Tëlee 3 FACE-À-FACEen en vue vun de Gemengewahlen den 8. Oktober 2017 gewisen.

1. FACE-À-FACE: Lydie Polfer vs. Marc Angel. Stater DP-Buergermeeschtesch géint den LSAP-Spëtzekandidat.

FACE-À-FACE: Stad: Lydie Polfer-Marc Angel (05.10.2017)
En Donneschdeg den Owend waren d'Lydie Polfer (DP) an de Marc Angel (LSAP) fir e FACE-À-FACE op der Tëlee.


Zënter 1993 ass den LSAP-Politiker am Gemengerot. De Marc Angel sot, datt et an der Stad zu engem Wiessel misst kommen, wou endlech de Mënsch am Mëttelpunkt ass. Beim Ban de Gasperich wier jo de Raum fir d'éischt verbaut ginn an duerno géif réischt gekuckt ginn, wat mam Mënsch geschitt. De Marc Angel fënnt, datt hie genuch Erfahrung hätt, fir Schäffen oder Buergermeeschter ze sinn.

De Sondage iwwer 36% vu Wieler, déi sech e Wiessel an der Majoritéit an der Stad wënschen, gesäit d'Lydie Polfer als net sou interessant un, wéi déi Ëmfro iwwer d'Stied, wou et sech am Beschte liewe léisst a wou d'Stater Gemeng ganz gutt ofgeschnidden hat.

D'Lydie Polfer ass der Meenung, datt historesch gesinn d'Gemengewahlen eng aner Nues hunn wéi d'Nationalwahlen. De Marc Angel deelt dës Meenung. Et wiere keng Testwahlen. D'Stater Bierger wiere capabel, dat Engt vum Aneren ze trennen.

Et misst een eppes géint d'Ongläichgewiicht tëscht Wunnen a Schaffen maachen. D'Lydie Polfer seet sech eens mam LSAP-Politiker iwwer de Fait, datt een de Leit, déi an d'Stad schaffe kommen, och Wunnraum misst kënne proposéieren. An de leschte 6 Joer wieren 8.000 Autorisatiounen erausgaange fir Wunnengen.  Et wieren 200 Sozialwunnengen an de leschten 6 Joer erbäikomm. Dat wier net genuch, sou den LSAP-Politiker. Et misst een 800 Milliounen Euro an abordabele Wunnraum investéieren. De Projet Porte de Hollerich wier nach ëmmer just ee Plang bliwwen. Dat wier wouer, sou d'Lydie Polfer, mee op der Stäreplaz géif ee 7 Hektar am Zentrum vun der Stad kréien, wann de Stadion op d'Kockelscheier kënnt.

De Marc Angel hofft, fir gestäerkt aus de Wahlen ze goen. Minimum ee Sëtz bäigewannen, ass d'Zil.

© Eric Steichen / RTL Télé Lëtzebuerg


2. FACE-À-FACE: Lydie Polfer vs. David Wagner. Stater DP-Buergermeeschtesch géint de Spëtzekandidat vun déi Lénk.

FACE-À-FACE: Stad: Lydie Polfer-David Wagner (05.10.2017)
En Donneschdeg den Owend waren d'Lydie Polfer (DP) an dden David Wagner (Déi Lénk) fir e FACE-À-FACE op der Tëlee.


Bei deene Lénke ginn et déi Kéier keng Spëtzekandidaten. Déi ganz Lëscht ass wichteg, sou den David Wagner, och fir e puer nei Gesichter, speziell och jonk Fraen, dem Wieler méi no ze bréngen.

Biergerbedeelegung misst iwwer e puer Versammlungen erausgoen. De Bierger misst iwwer Sujeten wéi de Budget eppes soe kënnen. Den Internetzougank wier op alle Fall nach net au point an och net bekannt genuch. Genee sou géif d'Lydie Polfer dat och gesinn. D'Stroossbuerger Plaz nennt si als Beispill. D'Leit hätte proposéiert, wat an hirem Wunnraum soll geännert ginn.

D'Stad soll schéi si fir jiddereen an och abordabel. Den Ament kéint just eng Elite do liewen, sou den David Wagner, dee vu senge Stater Grousseltere geschwat huet, déi et wuel haut net sou einfach an der Stad hätten. Déi ëffentlech Hand misst aggressiv agräifen, wat d'Muecht vun de Promoteuren ugeet. D'Lydie Polfer huet awer präziséiert, datt déi Leit, déi mat der Stater Bautepolice ze dinn haten, éischter d'Gefill hunn, et wier een ze vill streng. Et géif een och vill Chantieren zoumaachen, vu Leit, déi sech net un d'Regelen halen.

D'Lydie Polfer wënscht sech déi nämmlecht Zuel Sëtz wéi 2011. Den David Wagner hofft op 1 Sëtz méi.

© RTL Télé Lëtzebuerg


3. FACE-À-FACE: Sam Tanson vs. Roy Reding. Spëtzekandidatin vun déi gréng géint de Spëtzekandidat vun der ADR.

FACE-À-FACE: Stad: Sam Tanson-Roy Reding (05.10.2017)
En Donneschdeg den Owend waren d'Sam Tanson (Déi Gréng) an de Roy Reding (Adr) fir e FACE-À-FACE op der Tëlee.


Déi gréng Politikerin Sam Tanson huet et virop leed gedoen, datt keen Debat mat der CSV méiglech war. Wat de Stater Wuesstem ugeet, sou wier d'Iddi vun deene Gréngen, fir vu bannen no baussen ze wuessen, och well den ëffentlechen Transport do ze fannen ass. D'Peripherie vun der Stad géing ëmmer Problemer mat sech zéien, well den Trafic jo dann duerch déi Quartieren muss goen.

De Roy Reding sot, datt den Tram eng falsch Léisung fir e richtege Problem wier. Iwwerdeems wier d'Stater Politik vun 1 Parkplaz fir 12 Mataarbechter virprogramméierte Chaos. D'Sam Tanson huet gesot, datt ze vill Leit mam Auto an d'Stad schaffe kommen. Dat hätten Etudë bewisen. Als Alternativ géif d'Schinn ausgebaut. An da géif et jo nach den Tram ginn. De Roy Reding bleift awer beim Projet vum City-Tunnel ënnert der Stad. D'Schinne vum Tram géinge vläicht nach zu senge Liefzäiten nees erausgerappt.

Iwwerdeems wier de Vëlo zwar d'Léisung fir verschidde Leit, mee net fir jiddereen. D'Sam Tanson huet awer d'Beispill vun enger Koppel ginn, déi aus dem Norden an déi autofräi Stad plënnert, well si dem Trafic wëll aus dem Wee goen. Et géif och scho 450 Abonnente vum Prinzip Car-Sharing ginn.

De Roy Reding hofft op op d'mannst ee Sëtz méi um Sonndeg. D'Sam Tanson hofft, datt ee bei deene Gréngen kann d'Friichten droen vu 6 Joer Gemengepolitik.

© Eric Steichen / RTL Télé Lëtzebuerg


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.