Serie mam Firmin Martiny (3)Gemengewahlen 2017: Wahlflicht

Eng nei Radio-Serie, an Zesummenaarbecht vun RTL an dem Firmin Martiny, soll de Wieler an den nächsten Deeg iwwer d'Rechter an d'Flichten opklären.

An eiser Serie iwwer d'Wahlrecht hei zu Lëtzebuerg schwätze mir iech haut iwwer d'Wahlflicht an eisem Land an doriwwer, wat ee maache muss, wann ee verhënnert ass, senger Walpflicht nozekommen oder säi Wahlrecht auszenotzen, dat heescht wann een den 8. Oktober net ka mat stëmme goen.

Serie Gemengewahlen mam Firmin Martiny / Deel 3


D’Wahlgesetz ass hei ganz kloer a seet, datt jidfer Wieler, deen op de Wielerlëschte vu senger Gemeng agedroen ass an deen sech de Wahldag selwer net tëscht 8 Auer moies an 2 Auer nomëttes a sengem Wahlbüro presentéiert, matt enger Geldstrof tëscht 100 an 250 Euro rechne kann, eng Strof, déi sech am Widderhuelungsfall op 500 bis 1.000 Euro erhéigt.

Net bestrooft gi selbstverständlech déi Wieler, déi d'Bréifwahl ugefrot hunn an deenen hir Demande och ugeholl gouf. D'Bréifwieler hun hir Convocatioun matt de Stëmmziedelen iwwregens schon zougestallt kritt. Erënnere mer vläicht just drunn, datt si an deem Fall net musse wielen mee datt si den nächste Sonnden awer och a kengem Wahlbüro zougelooss sinn.

Keng Stroof ze fäerten brauchen och déi Leit, déi automatesch duerch d'Gesetz entschëllegt sinn, an dat sin emol all déi, déi méi wéi 75 Joer al sinn an et sin all déi, déi den 8. Oktober an enger anerer Gemeng wunnen wéi do, wou se zu de Wahle konvokéiert goufen.

All aner Wieler, deenen et onméiglech ass, hirer Wahlpflicht nozekommen an déi virdrunn net vun der Méiglechkeet vun der Bréifwahl wollten oder konnte profitéieren, mussen deem zoustännege Procureur d'Uersaach vun hirer Abstentioun mattdeelen an och een entspriechende Beleeg bäileeën. Dat ass am Krankheetsfall zum Beispill een Zertifikat vum Dokter. Studenten am Ausland leeën eng Bescheinigung vun der Schoul vir, Leit déi duerch hir Aarbecht verhënnert wäeren een Zertifikat vum Patron, an déi Wieler, déi den 8. Oktober an der Vakanz sinn, ee Schreiwes vum Reesbüro oder vum Hotel. Vill Gemenge kommen hire Bierger an der Tëschenzäit schonn esou wäit entgéint datt si virgedréckt Formulären hunn déi d'Leit nëmme brauchen auszefëllen an ofzeginn, entweder op der Gemeng oder am Wahlbüro selwer.

Soe mer vläicht awer och nach eng Kéier, datt déi Leit, déi automatesch duerch d'Gesetz entschëllegt sinn oder déi schons am viraus eng Entschëllegung ofginn haten, trotzdeem hir Konvokatioun zougestallt kréien.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.