Serie mam Firmin Martiny (4)Gemengewahlen 2017: Am Wahlbüro

Eng nei Radio-Serie, an Zesummenaarbecht vun RTL an dem Firmin Martiny, soll de Wieler an den nächsten Deeg iwwer d'Rechter an d'Flichten opklären.

A weider geet et mat eiser Serie iwwert d'Wahlrecht hei zu Lëtzebuerg. Nodeems mir déi lescht Deeg dat Wichtegst iwwert d'Rechter an d'Flichte vum Wieler héieren hunn, geet et elo ëm d'Prozedur déi sech de Wahldag selwer am Wahlbüro ofspillt.

Serie Gemengewahlen mam Firmin Martiny / Deel 4



D'Wahlbüroe sinn op vu moies 8 bis mëttes 2 Auer. Dir hutt deemno 6 Stonnen Zäit, fir iech am Wahlbüro anzefannen wou dir just deen Deel vun der Convocatioun virweist, wou Är perséinlech Donnéeën drop vermierkt sinn, esou datt dir roueg am viraus doheem Äere Stëmmziedel kënnt preparéieren, ouni fäerten ze mussen, datt een anere kéint gesinn, ween oder wéi dir gestëmmt hutt.

Wann dir Är Convocatioun net am Walbüro virweise kënnt, well dir se eventuell verluer oder vergiess hätt, da wëll dat net heeschen, datt dir net däerft mat stëmme goen, mee an deem Fall muss fir d'éischt Äer Identitéit festgestallt ginn an och iwwerpréift ginn, ob dir an der Wielerlëscht agedroe sidd.

Vum President vum Wahlbüro kritt dir Äre Stëmmziedel matt deem dir an eng vun de Kabinne gitt, fir en do auszefëllen, an dir MUSST an d'Kabinn eragoen, esouguer och dann wann dir keng Stëmm wëllt ofginn. Nom Ausfëllen faalt dir, nach an der Kabinn selwer, de Stëmmziedel nees esou zesummen, wéi der e vum President kritt hat, dat heescht a véier gefaalt mam Stempel no baussen, an dir geheit en dobaussen an d’Urn déi am Büro opgestallt ass.

Wann dir iech elo beim Ausfëlle sollt iren, an dat kënnt souguer an de beschte Famillje vir, da maacht wann ech gelift net, wéi wann näischt wier a geheit den Ziedel, op deem dir iech geirt hutt, op kee Fall an d'Urn. Déi Leit, déi d'Wahlgesetz gemaach hunn, hunn och dorunner geduecht. Genéiert iech dofir net, fir dem President an deem Fall Ären zougefaaltene Stëmmziedel zréckzeginn an iech een neien ze froen. Ären éischten Ziedel gëtt deen Ament direkt zerstéiert, an dir gitt ganz einfach nach eng Kéier an d'Kabinn a fëllt do Ären neien Ziedel an aller Rou richteg aus.

An enger Wahlkabinn däerf sech all Kéier nëmmen een eenzelne Wieler ophalen, fir säi Stëmmziedel auszefëllen, awer och hei gëtt et eng Ausnam, an zwar bei blannen oder behënnerte Leit, déi vum President vum Wahlbüro kënnen autoriséiert ginn, sech vun enger anerer Persoun begleeden ze loossen, fir beim Ausfëlle vum Stëmmziedel gehollef ze kréien, ee Fall, deen awer ëmmer méi rar däerft ginn, well déi allermeeschte vun deene Leit vun der Bréifwahl Gebrauch maachen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.