Serie mam Firmin Martiny (5)Gemengewahlen 2017: Gëlteg an ongëlteg Stëmmziedelen

Eng nei Radio-Serie, an Zesummenaarbecht vun RTL an dem Firmin Martiny, soll de Wieler an den nächsten Deeg iwwer d'Rechter an d'Flichten opklären.

Lo komme mer zum wuel wichtegsten Deel an eiser Serie iwwert d'Wahlrecht hei zu Lëtzebuerg, an zwar zum Stëmmziedel selwer, dat heescht mir soen iech nach eng Kéier, wéi ee Stëmmziedel muss ausgefëllt ginn fir gëlteg ze sinn, respektiv wéini de Stëmmziedel ongëlteg ass.

Serie Gemengewahlen mam Firmin Martiny / Deel 5


Ausgefëllt gëtt de Stëmmziedel mam Bic oder mam Bläistëft, deen an der Wahlkabinn läit, mä dir kënnt awer och äert eegent Schreifmaterial benotzen.

Beim Ausfëlle vum Stëmmziedel heescht et fir d'alleréischt, net méi Stëmmen ofzeginn wéi Gemengeréit ze wiele sinn. Op der anerer Säit ass et net verbueden, manner Stëmmen ofzeginn, mee an deem Fall gëtt d'Wahlrecht net honnertprozenteg ausgenotzt.

An deene 46 Proporzgemengen hutt dir fir unzefänken d'Méiglechkeet, eng Lëscht ze stëmmen, an da kritt all Kandidat vun där Lëscht ENG Stëmm,

oder awer dir gitt eenzelne Leit op enger oder och op méi Lëschten eng oder zwou Stëmmen, woubäi et dann awer oppassen heescht, net méi Stëmmen ze verdeelen wéi Gemengeréit ze wiele sinn.

An deenen 59 Majorzgemengen dogéint kënnt dir deenen eenzelne Kandidaten nëmmen all Kéier ENG Stëmm ginn.

Wéini ass ee Stëmmziedel elo ongëlteg?

Dat ass éischtens de Fall, wann dir méi Stëmmen ofginn hutt wéi Kandidaten ze wiele sinn.

Ongëlteg ass um Enn och ee wäisse Stëmmziedel, dat heescht wann dir guer keng Stëmm ofginn hutt.

An ongëlteg maacht dir Äre Stëmmziedel och wann dir, bewosst oder duerch Zoufall, irgend een anert Zeechen oder eng Notiz drop vermierkt wéi déi Kräizer oder Zeechen, déi vum Gesetz virgesi sinn, an ongëlteg ass och all Stëmmziedel, deen absichtlech gekennzeechent gouf oder wou een anere Pabeier oder Géigestand dra läit.

Soe mer och nach, datt eng Stëmm mat engem Kräiz am Karo hannert dem Numm vum Kandidat markéiert gëtt, an dat Kräiz kann ee Plus- oder ee Molzeeche sinn,

an eng Lëscht stëmmt een, wann een de Krees schwäerzt, wéi et esou schéin heescht, an dat Schwäerzen ass haut esou ze verstoen, datt een dee klenge Krees am Haischen iwwert der Lëscht ganz ausfëllt oder awer et mécht een einfach ee Kräiz an dëse Krees.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.