Serie mam Firmin Martiny (6)Gemengewahlen 2017: Proporzsystem

Eng nei Radio-Serie, an Zesummenaarbecht vun RTL an dem Firmin Martiny, soll de Wieler an den nächsten Deeg iwwer d'Rechter an d'Flichten opklären.

An eiser Serie iwwert d'Wahlrecht hei zu Lëtzebuerg adresséiere mer eis haut just un d’Wieler aus de Proporzgemengen, dat heescht déi 46 Gemengen, déi op d’mannst 3.000 Awunner hunn, an där sinn et der dës Kéier 3 weider wéi nach 2011.

Serie Gemengewahlen mam Firmin Martiny / Deel 6


Zu Biissen, zu Klierf an zu Ëlwen wielen d’Awunner den nächste Sonndeg fir d’éischte Kéier nom Proporzsystem.

De Proporz- ënnerscheet sech vum Majorzsystem doduerch dass d’Sëtzer hanneno verdeelt ginn op déi eenzel Lëschte vu Kandidaten an dat proportionell zu der Stëmmenzuel déi all Lëscht kritt huet.

An anere Wierder: De Wieler kann hei eenzel Leit stëmmen, awer e kann och enger ganzer Lëscht vu Kandidaten séng Stëmme ginn, esou dass sech hei verschidde Méiglechkeeten ubidden.

Eng éischt ass déi, dass een d’Lëscht vun enger Partei oder engem Gruppement stëmmt, dat heescht et schwäerzt een de Krees oder et mëcht een e Kräiz an dëse Krees, woumadden een all Kandidat vun dëser Lëscht ENG Stëmm ginn huet, virausgesat dass op dëser Lëscht esouvill Kandidate wéi Leit ze wiele sinn.

Sinn elo awer manner Kandidaten op esou enger Lëscht, da behält ee jo nach e puer Stëmmen an déi kéint een dann op d’Kandidate vun anere Lëschte verdeelen, matt engem oder zwee Kräizer pro Kandidat, awer wann een se de Kandidate vun der selwechter Lëscht wëllt ginn, dann heescht et oppassen an nëmmen héchstens ee Kräiz hannert den Numm vun engem Kandidat ze maachen, well deeselwechte Kandidat huet jo schonn eng Stëmm duerch d’Lëschtestëmm kritt an all Kandidat däerf jo héchstens zwou Stëmme kréien.

De Proporzwieler huet awer och d’Méiglechkeet, séng Stëmmen eenzelne Kandidaten ze ginn, Kandidate vun enger Lëscht awer och Kandidate vu verschiddene Lëschten wou mer da vu Panachéiere schwätzen.

Hei kann de Wieler engem Kandidat eng oder zwou Stëmme ginn, dat heescht een oder zwee Kräizer hannert deem eenzelnen Numm maachen, an dat bis zu engem Maximum vun där Zuel vu Leit déi ze wiele sinn, an déi Zuel variéiert jo vu Gemeng zu Gemeng ofhängeg vun den Awunnerzuelen.

Bei der Sëtzverdeelung, mir hunn et scho gesot, zielt dann den Total vun de Stëmmen, dat heescht d’Lëschtestëmmen an déi eenzel Stëmmen zesummegezielt, déi all Partei kritt huet, an op all Lëscht sinn dann déi Leit gewielt déi op hirer Lëscht déi meeschte Stëmme kritt hunn an dat bis zu der Zuel vun de Mandater déi dës Lëscht zegutt huet. Am Fall wou zwee Kandidaten déi selwecht Stëmmenzuel kritt hätten gëtt duerch d’Lous wat de President vum Haaptwahlbüro zitt entscheet wien besser klasséiert ass.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.