Serie mam Firmin Martiny (7)Gemengewahlen 2017: Majorzsystem

Leschten Deel vun der Radio-Serie, an Zesummenaarbecht vun RTL an dem Firmin Martiny, déi de Wieler soll iwwer d'Rechter an d'Flichten opklären.

An eiser Serie iwwert d'Walrecht hei zu Lëtzebuerg hu mir iech en Donneschdeg gesot, wou den Ënnerscheed tëscht Proporz- a Majorzsystem läit an iech dobäi de Proporzsystem méi ausféierlech erkläert. Um Freideg dann adresséiere mer eis un d’Wieler aus deenen 59 Majorzgemengen.

Serie Gemengewahlen mam Firmin Martiny / Deel 7



An de Majorzgemengen ass jo duerch d’Wahlgesetz vun 2003 de Ballotage ofgeschaaft ginn, dat heescht och d’Wieler aus de Majorzgemengen ginn nach just ee Sonndeg wielen well et einfach keen zweeten Tour méi gëtt. Och ginn et an de Majorzgemengen keng Sektioune méi esou dass hei jidfer Kandidat fir déi ganz Gemeng kandidéiert. A gewielt sinn um Enn déi Kandidate matt deene meeschte Stëmmen.

Fir de Wieler an der Majorzgemeng ass d’Ausfëlle vum Stëmmziedel dann och manner komplizéiert wéi fir de Proporzwieler, well hie kann all Kandidat just ENG Stëmm ginn an dat selbstverständlech och just bis zum Maximum vu Gemengeréit déi ze wiele sinn, an dat sinn der 7 an de Gemenge mat manner wéi 1.000 Awunner an et sinn der 9 wann d’Awunnerzuel tëscht 1.000 an 2.999 läit.

An de Majorzgemenge kann et da spéider emol zu Komplementarwahle kommen. Esou Komplementarwahle si méiglech wann de Gemengerot dat decidéiert nodeems eng Plaz am Gemengerot fräi ginn ass, a si sinn obligatoresch wann zwou oder méi Plaze fräi gi sinn.

Soe mer awer och nach, datt d’Wieler aus de Gemenge Bech, Feelen a Wanseler e Sonndeg net brauche wielen ze goen well sech do net méi Kandidate gemellt hunn wéi Leit ze wiele sinn. An der neier Fusiounsgemeng Habscht da wielen d’Wieler vun Habscht nom Proporzsystem, déi vu Simmer nom Majorzsystem, an an der anerer Fusiounsgemeng Ärenzdall sinn déi 5 Kandidate fir 5 Posten an der Sektioun Iermsdref scho gewielt mä well an der Sektioun Miedernach 7 Kandidate fir 6 Posten zur Wiel stinn muss an dëser Gemeng e Sonndeg awer gewielt ginn.

Erënnere mer ofschléissend drun datt deen nei gewielte Gemengerot a Funktioun trëtt esoubal de Buergermeeschter, d’Schäffen an d’Conseiller vereedegt sinn, an dat gëllt esouwuel fir d’Majorz- wéi och fir d‘Proporzgemengen.

An domatter wäre mir um Enn vun eiser Serie iwwert d’Wahlgesetz a mir wëlle fir ofzeschléissen hoffen, datt esouvill Wieler wéi nëmme méiglech hiert Wahlrecht e Sonndeg och notzen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.