Hei de RoundupWéi gouf am Oste gewielt?

Am Oste sinn alleguer d'Gemengen ausgezielt.

D'Gemengen am Wahlbezierk Osten (08.10.2017)
Den 1 Round-Up vun RTL Télé Lëtzebuerg iwwer d'Gemengen am Osten.

Zu Bech huet mol net misse gezielt ginn, hei gouf et manner Kandidate wéi Plazen, also sinn all d'Kandidaten am Gemengerot.

Zu Schengen sinn déi zwee Schäffen, Michel Gloden a Jean-Paul Müller, bescht gewielt ginn. De Ben Homan, aktuelle Buergermeeschter, huet net méi kandidéiert.

De Michel Gloden (Schengen)

Wuermer, hei gëtt et egal wéi fir déi nächst 6 Joer en neie Buergermeeschter. De Jean Beining hat sech net méi opgestallt. De Max Hengel, deen an der CSV-Fraktioun schafft, krut zwar déi meeschte Stëmmen, virum Schäffe Mathis Ast. Obwuel mer et hei mat enger Majorzgemeng ze dinn hunn, ass et an der Muselgemeng mëttlerweil Traditioun, datt Equippen un den Depart ginn.

Lo huet de Wieler decidéiert, datt eng vun den Equippe 5 vun 9  Sëtz kritt, also d'Majoritéit. Ma et ass awer e Member vun där anerer Equipe, deen den Éischtgewielten ass an dat ass de Max Hengel. Och wann d'Géigenequipe d'Majoritéit hätt, wier et ganz komesch, wann een den Éischtgewielte géing ëmgoen, esou de Max Hengel. 

Zu Konsdref ass den aktuelle Buergermeeschter André Poorters net méi gewielt ginn. Meeschte Stëmme krut d'Edith Jeitz, eng nei Kandidatin.

Zu Manternach ass de Buergermeeschter Henri Frank als 5. gewielt ginn, virum Robert Mehlen, fréieren ADR-President. Déi meeschte Stëmme krut méi e jonke Kandidat, de Jean-Paul Hoffmann, 30 Joer al.

Zu Bous krut den aktuelle Buergermeeschter Jos Johanns déi meeschte Stëmmen.

Zu Stadbriedemes ass d'Octavie Modert, fréier CSV-Ministesch, aktuell Deputéiert, bescht gewielt an huet et (mat 27 Stëmmen) laanscht de Buergermeeschter gepackt.

Duelem, do ass de Buergermeeschter Jos Heisbourg bescht gewielten. De Schäffen Nic Dicken huet déi zweetmeescht Stëmme kritt.

Lenneng, hei ass den Daniel Hoffmann den 1. gewielten. Den aktuelle Buergermeeschter kënnt op déi 5. Plaz.

Fluessweiler, de Buergermeeschter Theo Weirich war net méi Kandidat. De Jean-Marie Sadler krut déi meeschte Stëmmen.

Beefort, de Buergermeeschter Camille Hoffmann ass hei deen, deen am beschte gewielt ginn ass.

Waldbëlleg, de Jean-Luc Schleich, aktuelle Buergermeeschter, ass net méi matgaangen. Déi zwee aktuell Schäffe kruten déi meeschte Stëmmen.

Kuerz viru 4 Auer war déi éischt Gemeng ausgezielt, dat war eng aus dem Osten: Waldbriedemes.
627 Wieler waren hei ageschriwwen. Da geet et méi séier mam zielen. Bescht gewielten ass den aktuelle Buergermeeschter Louis Oberhag. 4 nei Leit goufen an de Conseil gewielt.

Zu Betzder kënnt et zu enger Rout-Grénger Koalitioun. Déi éischt 3 Joer gëtt de Jean-François Wirtz (LSAP) Buergermeeschter. An déi 3 Joer duerno ass et d'Ferande Klares-Goergen (déi gréng).

Biwer kritt en neie Buergermeeschter, dat war gewosst, well den Nicolas Soisson net méi matgaangen ass. Den Nofolger steet och scho fest: den Affekot Marc Lentz, President vun der DP-Osten. Do ass ee sech schonn eens.

Rouspert-Mompech: Zu Mompech ass d’Stéphanie Weydert Beschtgewielt, virum aktuelle Buergermeeschter. Zu Rouspert krut den aktuelle Buergermeeschter Romain Osweiler déi meeschte Stëmmen. Den 1. Januar fusionéiere jo déi zwou Gemengen.

Bäerdref: Hei ass de Buergermeeschter net méi matgaangen, déi meeschte Stëmme kruten déi zwee Schäffe vu bis elo Suzette Seyler-Grommes (354 Stëmmen an eenzeg gewielte Fra) a Joé Nilles (340 Stëmmen).

Mir hate Bäerdref an enger éischter Versioun vum Artikel bei de Proporzgemengen, mir bieden de Mëssel ze entschëllegen.

Proporzgemengen:

Zu Munneref kritt d’DP mat 6 Sëtz déi absolut Majoritéit. D’Equipe ronderëm de Lex Delles wënnt iwwer 9% bäi, op 50,2%. D'CSV verléiert ee Sëtz a 5,8%, kënnt op 25,9%. D'LSAP, Minus 6%, mat 8,8%. Déi Gréng, aktuelle Koalitiounspartner, wannen 2,5% an hunn elo ronn 15%.

De Lex Delles (Munneref)



Zu Gréiwemaacher kritt d'CSV 1 Sëtz bäi an huet der elo 5, déi gréng verléieren 1 a behalen nach just 1. Déi Schwaarz-Gréng-Koalitioun kéint bestoe bleiwen. Déi meescht Stëmme krut de Léon Gloden, virum Monique Hermes an dem René Sertznig.
D'Tess Burton (Gréiwemaacher)

Zu Jonglënster, der gréisster Gemeng am Osten, wënnt d’CSV 7,4 Prozentpunkten an ee Sëtz a kënnt dann op 36,9%. D’LSAP verléiert 7 Prozentpunkten an ee Sëtz a kënnt op 12,8%. D’DP bleift stabel bei 31,8%, ass awer vun der CSV iwwerholl ginn. Déi Gréng verléieren 1,1% a kommen op zwee Sëtz an 18,4%. Den CSV-Buergermeeschter Romain Reitz sot, datt elo mat DP an déi gréng Sondéierungsgespréicher gemaach ginn. Mat der LSAP geet een net méi an eng Koalitioun.

De Mike Hagen (Lënster)


De Christian Kmiotek (Lënster)

Zu Réimech doen sech fir déi nächst Joeren d'DP an d'CSV zesummen. Déi Gréng mam Henri Kox hunn iwwer 13 Prozentpunkte verluer a verléieren zwee vun de 4 Sëtz. D'DP kritt zwee Sëtz bäi, respektiv 9,5%, an huet da 6 Sëtz. D'CSV verléiert ee Sëtz. Dat sinn iwwer 7%. D'LSAP bleift bei engem Sëtz, bei engem Minus vu bal 3%. D'Pirate packen et mat engem Sëtz an de Gemengerot. D'Equipe ronderëm den Daniel Frères krut 14% vun de Stëmmen. Aktuell gëtt et zu Réimech eng gréng-schwaarz Koalitioun, dat geet net méi duer.

Den Henri Kox




Mäertert-Waasserbëlleg, do kritt d'LSAP mam Jérôme Laurent an ouni de Gust Stefanetti déi absolut Majoritéit mat bal 52%, plus 3,5%. CSV minus 1%, dat heescht 31,7%. D'DP verléiert 2,4% an huet da 16,4%. Eng gréng Lëscht gëtt et hei net méi.

Zu Iechternach ännert sech net terribel vill. Hei gëtt et aktuell eng schwaarz-rout Koalitioun. CSV leet 1,4% bäi op bal 30%. LSAP plus 1 op 26,4%. Déi gréng wannen 1,5% a kommen op 23,2%. Bei der DP ass et e Plus vun 0,2% op 20,6%. Den aktuelle Buergermeeschter an CSV-Spëtzekandidat Yves Wengler gesäit déi aktuell Majoritéit mat der LSAP dowéinst confirméiert. D’CSV wärt och éischt Gespréicher mat de Sozialiste féieren. Donieft wéilt een awer och e Gespréich mat de grénge féieren, fir d’Iddien auszetauschen. Dat heescht et gesäit awer den Ament net no engem politesche Wiessel an der Abteistad aus.

D'Gemengewahlen 2017 am Liveticker
LINK: Liveticker vun de Wahlen op RTL.lu


Wahlen Resultater


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.