Hei de RoundupWéi gouf am Norde gewielt?

Alleguer d'Gemenge sinn am Norden ausgezielt.

Majorzgemengen:

Zu Bauschelt sollten 9 Mandater besat ginn. An do setzt sech de Buergermeeschter René Daubenfeld duerch.

Zu Biekerech kritt wéi erwaart de Buergermeeschter Thierry Lagoda déi meeschte Stëmmen.

Zu Bettenduerf kritt de José Vaz do Rio déi meeschte Stëmmen. Zweetgewielten ass de Paul Troes. Op déi 3. Plaz kënnt de Buergermeeschter Albert Back.

Och zu Buerschent kritt déi aktuell Spëtzt Annie Nickels-Theis déi meeschte Stëmmen.

Keng Iwwerraschung an der Stauséigemeng do krut de Buergermeeschter René Michels déi meeschte Stëmmen. 

Zu Ell ass de Buergermeeschter Jos Thill net méi matgaangen. Do ass den Armand Schuh, deen deen déi meeschte Stëmme kritt huet.

Ärenzdallgemeng
, eng Fusiounsgemeng. Miedernach: Bob Bintz Éischtgewielte mat 765 Stëmmen. Zweetgewielten ass de Jeff Feller mat 657 Stëmmen.   

Zu Ierpeldeng ass de Buergermeeschter Claude Gleis den Éischten.

Zu Esch-Sauer do ass de Buergermeeschter Gilles Kintzele net erëm gewielt ginn. Grad wéi och d’Schäffe Christiane Ferber a Roger Lanners. Éischtgewielten ass de fréiere Minister Marco Schank mat 867. Donieft fléien 3 aktuell Conseilleren ewech. Zu Esch-Sauer gëtt et deemno ee komplett neit Bild.



Zu Géisdref ass de Buergermeeschter Norbert Maes esou just an de Gemengerot gewielt ginn.

Zu Groussbus ass den Armand Olinger de Buergermeeschter den Drëttgewielten, mat 322 Stëmmen.

Zu Kiischpelt ass den aktuelle Buergermeeschter Armand Mayer jo net méi matgaangen. Den Yves Kaiser kritt do elo déi meeschte Stëmmen, mat ronn 356 Stëmmen. 9 Posten sinn hei ze besetzen.

Mäerzeg, do war de Buergermeeschter de Claude Staudt net méi op der Kandidatelëscht matgaangen. Den zweetgewielten vun 2011 de Mike Poiré ass dës Kéier den Éischtgewielten. Ee Schäffe packt et net an de Gemengerot, dat ass de Norbert Freymann.

Am Parc Housen do hunn d’Wieler vu Konstem, Houschent an Housen misste wielen goen. De Buergermeeschter Heinen war net méi matgaangen. Laut de Resultater vu Konstem kritt de Jos Degrand déi meeschte Stëmmen. Houschent do ass et den Majerus Georges, an zu Housen den Wester Romain.

Besonnesch zu Pëtschent war et eng Iwwerraschung. No 23 Joer un der Spëtzt vun der Gemeng, gouf de Buergermeeschter Jean Kinn net méi gewielt.

Am Préizerdaul sinn de Buergermeeschter Fernand Heyart an ee Schäffe Gilles Martiny net méi gewielt. Éischtgewielten ass den anere Schäffen Marc Gergen.

Zu Réiden ass den aktuelle Buergermeeschter Henri Mausen net méi matgaangen. Déi meeschte Stëmmen kritt elo de Conseiller Henri Gerekens déi meeschte Stëmmen.

Zu Reisduerf krut déi onofhängeg Lëscht vu fréiere Buergermeeschter Schiltz déi meeschte Stëmmen. Och d'Plazen 2-7 gi vu Kandidate vun der Lëscht besat. Op d'Plazen 8 an 9 kommen den aktuelle Buergermeeschter Fränk Weber an de Jean-Marie Funk. Si dierfte mat hirer Equipe keng Chance hunn, den nächste Buergermeeschter a Schäfferot ze stellen.

Zu Sëll dogéint kritt den aktuelle Buergermeeschter Raoul Clausse déi meeschte Stëmmen. 498 Wieler waren et do, e bësse méi wéi d’Halschent huet fir de Buergermeeschter gestëmmt.

Zu Schieren ass de Buergermeeschter André Schmit nëmmen de Fënneftgewielten. Den Eric Thill kritt an der Gemeng 479 Stëmmen an domadder déi meeschten.

Zu Tandel ass den Éischtgewielten net de Buergermeeschter Aly Kaes. De Buergermeeschter gëtt just den Zweeten hannert dem Alain Aust.

Zu Useldeng ass de Buergermeeschter Pollo Bodem den Éischtgewielten.

Och zu Veianen war de Buergermeeschter Marc Schäefer net méi mat gaangen. Éischten do ass den Henri Majerus.

Viichten dann, do ass de Buergermeeschter Camille Scheuren nëmmen den Drëtte ginn. De fréieren Deputéierte Jean Colombera huet den aktuelle Buergermeeschter do mat 328 Stëmmen iwwerholl an ass den Zweetgewielten.

Och zu Wal ka sech de Buergermeeschter Marco Assa duerchsetzen. 7 Mandater waren hei ze besetzen.

Iwwerraschung och zu Wäisswampech, den aktuelle Buergermeeschter, Henri Rinnen, gëtt do just de 4 gewielten.

Proporzgemengen:

Zu Ëlwen gouf dës Kéier fir déi éischte Kéier no deem System gewielt. An do ass den aktuelle Buergermeeschter Edy Mertens mat der Biergerlëscht an d’Wahle gaangen. Déi huet dann och déi meeschte Stëmme kritt. Am ganzen 58,77 Prozent, an domadder huet si déi absolut Majoritéit. D’CSV kënnt op e bësse méi wéi 41 Prozent.

Den Edy Mertens (Ëlwen)




Rammerich dann eng wieder Proporzgemeng vun den am ganzen 7 am Norden. Do ass den CSV Buergermeeschter Toni Rodesch vir.

Zu Wolz keng Iwwerraschung. De Buergermeeschter Frank Arndt vun der LSAP ass den Éischtgewielten, allerdéngs verléiert d’LSAP hir absolut Majoritéit. Am Gemengerot kommen zwee Sëtz dobäi par Rapport zu de leschte Wahlen. Allerdéngs ginn déi un d’CSV.  D’LSAP verléiert dann och vis-à-vis vun 2011 7,70 Prozentpunkten.

De Frank Arndt brauch e Koalitiounspartner. Rout-Schwaarz a Rout-Blo wiere rechneresch méiglech. Zu Wolz gëtt et awer och nach eng Méiglechkeet fir eng Koalitioun laanscht d'LSAP ze forméieren. CSV a n DP kéimen zesummen op 7 vun 13 Sëtz. D'CSV huet zwéi Sëtz derbäi kritt Gëscht, de Spëtzekandidat Patrick Comes seet sech zu alle Säiten oppe fir Gespréicher.

Marco Comes - vum Pit Everling




De Frank Arndt (Woltz)



Zu Wëntger, der flächeméisseg gréisster Gemeng am Land, behält d’CSV weider d’Nues vir. Si verléieren awer u Stëmmen, ee minus vun 1,7 Prozentpunkten. De Buergermeeschter Marcel Thommes gëtt just den Zweeten, hannert dem LSAP-Politiker Carlo Weber. Och wat d’Sëtz ugeet, verléiert d’CSV 1, d’LSAP dogéint kritt 1 bäi. DP kënnt op 17,75 Prozent. D’ADR kënnt op 10 Prozent, an huet weider ee Sëtz am Gemengerot. D’LSAP gewënnt zu Wëntger 8,5 Prozentpunkten.

De Carlo Weber (Wëntger)



D'Fro, déi sech zu Wëntger stellt, ass natierlech déi, wien de Buergermeeschter wäert stellen.

Zu Dikrech kritt d’LSAP manner Stëmmen, allerdéngs halen d’Sozialisten ëm de Claude Haagen hir Sëtz am Gemengerot. Am ganze 7. D’Sozialiste mussen awer 6,1 Prozentpunkten aboussen. D’CSV kritt der awer 7,8 dobäi. D’Chrëstlech-Sozial hunn dann och 4 Sëtz, a knäppen der DP een of.  D’Demokraten hunn och just nach ee Sëtz. Déi gréng halen hiren eenzege Sëtz. Bei de Stëmme kritt de Buergermeeschter Claude Haagen déi meescht, 2.194.

De Claude Haagen



En Androck aus der Wahlzentral vun der DP zu Dikrech.

Zu Clierf huet d'CSV mat 6 Sëtz déi absolut Majoritéit. Déi gréng kommen op 2 Sëtz, genee sou wéi d'DP. D'"Bierger" kommen op 1 Sëtz, d'ADR kritt keen. Éischtgewielten ass den aktuelle Buergermeeschter Emile Eicher.

Den Emile Eicher (Clief)




Zu Ettelbréck ass d'CSV mat 40% vun de Stëmme vir. De Jean-Paul Schaaf bleift Buergermeeschter.

Ettelbréck© Annick Goerens


D'Gemengewahlen 2017 am LivetickerLINK: Liveticker vun de Wahlen op RTL.lu


Wahlen Resultater


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.