Hei de RoundupWéi gouf am Süde gewielt?

Kuerz virun 1 Auer e Méindeg de Moie war mat Péiteng och déi lescht Gemeng ausgezielt.

D'Gemengen am Wahlbezierk Süden (08.10.2017)
De Roundup iwwer d'Gemengen am Süden.

Vun Esch ass déi definitiv gréisst Sensatioun vum Dag ze mellen ...

Gemengewahlen: Analys vun der Situatioun zu Esch (09.10.2017)
Interview mam Éischtgewielten CSV-Spëtzekandidat Georges Mischo an dem LSAP-Generalsekretär Yves Cruchten am Studio. - Extraiten aus der Spezialemissioun!


D'CSV kënnt do nämlech op ronn 30,9% a ginn domat mat 6 Sëtz (+2) déi stäerkst Partei an der Minettsmetropole. 3 Punkten hannendru kënnt d'LSAP och op 6 Sëtz (- 3). Déi gréng ginn 3. mat ronn 13,5% an 3 Sëtz, da kommen déi Lénk (9,5%) an d'DP (9,1%) mat zwee Sëtz. D'KPL, d'ADR an d'Pirate ginn eidel aus.

De Georges Mischo



D'Vera Spautz (Esch)



De Robert Goebbels iwwer Esch




Zu Déifferdeng sinn déi gréng de grousse Gewënner vum Dag: Si gewanne 4 Sëtz a kommen op hirer 7. Dogéint verléiert d'DP der 5 a kënnt just nach op 2. D'CSV kritt ee bäi an huet der elo 4, genee wéi d'LSAP. D'KPL an déi Lénk kommen alle béid op ee Sëtz.

De François Meisch (Déifferdeng)



D'Corinne Cahen iwwer Déifferdeng

Zu Péiteng blouf et bei den 8 Sëtz fir d'CSV, d'LSAP kënnt op 4 (-1), d'Piratepartei aus dem Stand op 2, wéi déi gréng, d'DP behält ee Mandat an d'ADR huet keent méi. Déi Konservativ mam Joé Thein kommen net an de Gemengerot. Bei der CSV léisst de Buergermeeschter Pierre Mellina säi Virgänger Jean-Marie Halsdorf kloer hannert sech.

Zu Suessem bleift d'LSAP bei 7 Mandater, d'CSV gewënnt der 2 a kënnt op 5, déi gréng kommen op 2 (-1), genee wéi déi Lénk (+1), an d'DP bleift bei engem Sëtz.

De Georges Engel wëll mat der CSV schwätzen, déi jo zwee Sëtz bäi krut. Den aktuelle Buergermeeschter sicht iwwerdeems och d'Gespréich mam Koalitiounspartner vu bis ewell, deene Gréngen.

Extrait Georges Engel



Déi drëtt rechneresch Méiglechkeet wier eng Zesummenaarbecht mat "Déi Lénk". Ma och wann et do programmatesch kéint klappen, géing et op der "personneller" Basis wuel ganz schwiereg ginn.

Et sief drun erënnert, datt de gewielte Conseilsmember José PISCITELLI virun e puer Méint vun der LSAP eriwwer bei "Déi Lénk" gewiesselt war.

Zu Diddeleng behält d'LSAP hir absolut Majoritéit mat 10 Sëtz, d'CSV kënnt op 5 Sëtz (+2), déi gréng op 2 an déi Lénk an d'ADR op jee 1.

Zu Käerjeng kritt d'CSV 7 Sëtz, wat e Plus vun 2 ass. D'LSAP kënnt op 5, dat heescht e Minus vun 2. Déi gréng behalen hir 2 an d'DP 1. D'Biergerinitiativ Kënzeg, déi der d'lescht Kéier 2 krut, war dës Kéier net méi ugetrueden.

De Michel Wolter (Käerjeng)

Zu Beetebuerg huet d'LSAP hir 6 Mandater behalen, d'CSV kritt ee bäi op 5, déi gréng bleiwe bei hiren 2, d'ADR kënnt aus dem Stand op 1, grad wéi d'DP.

De Laurent Zeimet (Betebuerg)


De Roby Biwer (Betebuerg)

Zu Schëffleng bleift et beim Alen, well d'CSV an d'LSAP kommen alle béid op 6 Mandater. Déi gréng leien hannendru mat zwee Sëtz an d'DP mat engem Sëtz.

Zu Habscht bleift d'CSV bei hiren 8 Sëtz, d'DP kënnt direkt op 2 an d'LSAP fält ëm 2 op 1. Zu Simmer da sinn de viregte Schäffe Léon Flammant an déi viregt Conseillere Peter Sodermans a Marco Boly net erëmgewielt ginn, am Géigesaz zur Schäffen Astrid Mosel-Kneip, déi hannert dem Manou Decker als Zweet erausgeet.

Zu Réiser kréien d'LSAP an d'CSV jee ee Sëtz bäi, op 6, respektiv 3 Mandater. Déi gréng an d'DP hunn der all Kéier 2.

Zu Käl bleift d'LSAP stäerkste Kraaft, verléiert awer ee Sëtz a kënnt nach just op 5. D'CSV kritt dee bäi an huet der elo 4. Hannendru kommen déi gréng an d'DP op all Kéiers zwee Mandater.

Zu Monnerech verléiert d'LSAP d'absolut Majoritéit an zwee Sëtz. E Sonndeg den Owend kënnt si nach just op 5 Mandater. D'CSV gewënnt déi bäi a kënnt och op 5. D'DP huet zwee Sëtz an déi gréng kommen op ee Sëtz.

De Jeannot Fürpass (Monnerech)

Zu Mamer gouf de Koalitiounsaccord tëscht CSV an LSAP ewell verlängert. D'CSV behält do hir 6, déi gréng an d'LSAP hir 3 an d'DP hiert eent Mandat.

Zu Stengefort behält d'LSAP hir 5 Mandater, d'CSV verléiert een an huet der just nach 4, déi gréng kritt een, grad wéi d'DP.

Zu Rëmeleng béist d'LSAP hir absolut Majoritéit an a kënnt mat engem Minus vun zwee op 5 Sëtz. D'CSV kritt ee bäi op 4. D'DP kënnt op ee Sëtz, genee wéi d'KPL.

Den Henri Haine

Zu Fréiseng bleift Är Equipe déi stäerkst Kraaft, mat 5 Sëtz. Déi leschte Kéier haten d'CSV an d'LSAP sech fir eng Koalitioun zesumme gedoen an d'Equipe huet missten an d'Oppositioun. Dës Kéier soll dat net méi geschéien, seet den Éischtgewielte vun der "Equipe", de Roger Beissel, d'Gespréicher mam potentielle Koalitiounspartner DP lafen.

Sollt et mat der DP elo awer net klappen da kéim fir déi Fréisenger "Equipe" awer nach éischter d'LSAP ewéi d'CSV als potentielle Partner a Fro, dat well fir déi Rout zwéi nei Gesiichter am Conseil géinge sëtzen, déi net an ale Saache verfuer wieren, esou de Roger Beissel.

Roger Beissel (Fréiseng)

Zu Dippech bleift d'LSAP bei 5 Sëtz, d'CSV verléiert d'Halschent a kënnt nach just op 2, genee wéi d'DP an déi nei Lëscht vun de Bierger - fir déi wären dat direkt zwee Mandater.

Zu Koplescht da kommen d'CSV an Är Equipe op all Kéiers 4 Sëtz, wat fir déi zwee e Plus vun 1 ass. D'DP kënnt iwwerdeems weider op 3 Mandater. An engems war do jo e Referendum doriwwer, ob een am Walbezierk Süde soll bleiwen oder an den Zentrum eriwwer wiessele soll: 63% vun de Leit hu sech dofir ausgeschwat, dass se an Zukunft zum Zentrum wëlle gehéieren.

De Romain Adam (Koplescht)

Zu Kielen kënnt d'CSV op 5 Sëtz (plus 1), d'LSAP verléiert der 2 (op 3), déi gréng kommen op 2 Mandater (plus 1) an d'DP bleift bei hirem 1. D'Koalitioun CSV/LSAP bleift, ma Buergermeeschter wiesselt - Félix Eischen iwwerhëlt vum Guy Scholtes.

De Félix Eischen (CSV)




Zu Reckeng op der Mess goung de Buergermeeschter vu bis ewell Carlo Muller als Eischtgewielten eraus.

Zu Garnech krut de Gemengepapp vu bis elo Georges Fohl och déi meescht Stëmmen.

Zu Leideleng ass d'Buergermeeschtesch vu bis ewell Diane Feipel-Bisenius och als Bescht gewielt.

An zu Käerch koum d'Gemengemamm vu bis elo Pia Flammang-Risch just op déi 3. Plaz: Hei loung de Jean Wirion virop.

D'Gemengewahlen 2017 am Liveticker
LINK: Liveticker vun de Wahlen op RTL.lu


Wahlen Resultater


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.