BuergermeeschterenEng Nolies vun de Gemengewahlen - oder en Noruff?

32 Buergermeeschtere goufen an hire Gemengen net Éischtgewielten - 4 koumen der souguer guer net méi eran.

An 49 Gemenge konnt de Buergermeeschter sech dogéint behaapten a krut déi meeschte Stëmmen.

Dat war an dëse Gemengen de Fall, wou de Buergermeeschter confirméiert gouf (ob en et awer bleift, steet nach op engem anere Blat):

Bartreng: Frank Colabianchi
Bauschelt: René Daubenfeld
Beefort: Camille Hoffmann
Biekerech: Thierry Lagoda
Bous: Jos Johanns
Buurschent: Annie Nickels-Theis
Clierf: Emile Eicher
Déifferdeng: Roberto Traversini
Diddeleng: Dan Biancalana
Dikrech: Claude Haagen
Dippech: Manon Bei-Roller
Duelem: Josef Heisbourg
Ëlwen: Edouard Théophile Mertens
Ettelbréck: Jean-Paul Schaaf
Garnech: Georges Fohl
Gréiwemaacher: Léon Gloden
Habscht: Serge Hoffmann
Hesper: Marc Lies
Iechternach: Yves Wengler
Ierpeldeng: Claude Gleis
Jonglënster: Romain Reitz
Käerjeng: Michel Wolter
Käl: John Lorent
Leideleng: Diane Bisenius-Feipel
Lëntgen: Henri Wurth
Lëtzebuerg: Lydie Polfer
Luerenzweiler: Jos Roller
Mäertert: Jérôme Laurent
Mamer: Gilles Roth
Miersch: Michel Malherbe
Monnerech: Christine Schweich
Munneref: Lex Delles
Nidderaanwen: Raymond Weydert
Rammerech: Toni Rodesch
Recken
: Carlo Muller
Réiser: Tom Jungen
Rëmeleng: Henri Haine
Rouspert (Sektioun): Romain Osweiler
Sandweiler: Simone Massard-Stitz
Sëll: Raoul Clausse
Stauséigemeng: René Michels
Steesel: Jean-Pierre Klein
Suessem: Georges Engel
Useldeng: Léon Bodem
Wal: Marco Assa
Waldbriedemes: Louis Oberhag
Wolz: Frank Arndt

An der neier Gemeng Helperknapp sinn déi 2 fréier Buergermeeschter ugetrueden an an hire Bezierker och als éischte gewielt ginn.

Béiwen un der Atert: Paul Mangen
Tënten: Christiane Eicher-Karier

An der Ärenzdallgemeng ass de Buergermeeschter André Kirschten ugetrueden an direkt gewielt ginn, well an der Sektioun Iermsdref net méi Kandidaten do waren wéi Posten.

An dësen 32 Gemenge gouf de Buergermeeschter net Éischtgewielten, wat awer net forcement heescht, datt en net Buergermeeschter bleift, well bekanntlech gi just Leit a keng Poste gewielt, dofir brauch een eng Majoritéit am Gemengerot (wann en awer guer net méi erakomm ass, ass et méi schwiereg, um Posten ze bleiwen ...):

Beetebuerg: Laurent Zeimet Drëttgewielten
Bettenduerf: Albert Back Drëttgewielten
Biissen: Jos Schummer Zweetgewielten
Conter: Fernand Schiltz Drëttgewielten
Esch-Sauer: Gilles Kintzelé net méi erakomm
Esch-Uelzecht: Vera Spatz Zweetgewielten
Fréiseng: Marie-Louse Aulner Sechstgewielten
Géisdref: Buergermeeschter Norbert Maes Néngtgewielten (als Leschten dobannen)
Groussbus: Armand Olinger Drëttgewielten
Hiefenech: Henri Kauffmann Drëttgewielten
Käerch: Pia Flammang-Risch Drëttgewielten
Kielen: Guy Scholtes Drëttgewielten
Konsdref: André Poorters net méi erakomm
Koplescht: Romain Adam Fënnefgewielten (hat ugekënnegt, net méi wëlle Buergermeeschter ze ginn)
Lenneng: Arnold Rippinger Fënneftgewielten
Manternach: Henri Frank Fënnefgewielten
Mompech (Sektioun): Jos Schoellen Zweetgewielten
Pëtschent: Jean Kinn net méi erakomm
Préizerdaul: Fernand Heyart net méi erakomm
Réimech: Henri Kox Véiertgewielten
Reisduerf: Fränk Weber Aachtgewielten
Schëtter: Jean-Pierre Kauffmann Zweetgewielten
Schieren: André Schmit Fënneftgewielten
Stadbriedemes: Marco Albert Zweetgewielten
Stengefort: Jean-Marie Wirth Zweetgewielten
Stroossen: Gaston Greiveldinger Zweetgewielten
Tandel: Aly Kaes Zweetgewielten
Viichten: Camille Scheuren Drëttgewielten
Wäiswampech: Buergermeeschter Henri Rinnen Véiertgewielten
Walfer: Joëlle Elvinger Zweetgewielten
Weiler zum Tur: Cécile Hemmen Zweetgewielten
Wëntger: Buergermeeschter Marcel Thommes Zweetgewielten

An dësen 3 Gemengen huet net musse gewielt ginn:

Bech
Feelen
Wanseler

An hei ass de Buergermeeschter net méi ugetrueden:

Bäerdref
Betzder
Biwer
Colmar-Bierg
Ell
Fëschbech
Fiels
Fluessweiler
Kiischpelt
Mäerzeg
Noumer
Parc Housen
Réiden
Schëffleng
Schengen
Simmer (fusionéiert mat Habscht)
Veianen
Waldbëlleg
Wormer


Wahlen Resultater


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.