Top & Flops6 Wahlgewënner a 6 Wahlverléierer

Wien huet dann elo gewonnen a wien huet dann elo verluer? Hei e puer markant Votten!

Wahlgewënner (vu lénks): Roberto Traversini (Gréng), Georges Mischo (CSV), Serge Wilmes (CSV) - zweet Rei: Lex Delles (DP), Jérôme Laurent (LSAP) a Frank Colabianchi (DP).
Zu de ganz grousse Gewënner gehéieren de grénge Buergermeeschter vun Déifferdeng, Roberto Traversini, dee mat senger Equipe iwwer 20 Prozentpunkte bäileet an 3 Sëtz gewënnt, an och den CSV-Politiker Georges Mischo, deen d'Konschtstéck fäerdegbréngt, Esch-Uelzecht ze erueweren - als Éischtgewielten!

Zu de Gewënner zielen dierf sech awer och den CSV-Politiker Serge Wilmes, deen an der Stad mat senger Partei 6 Prozentpunkte wënnt an 2 Sëtz bäikritt.

Freeën duerfe sech awer och den LSAP-Buergermeeschter Jérôme Laurent vu Mäertert-Waasserbëlleg, deen do eng absolut Majoritéit kritt, genee esou wéi dee bloe Buergermeeschter vu Munneref, Lex Delles, deen an Zukunft do och eleng regéiere kann, an de bloe Politiker Frank Colabianchi, dee mat senger DP zu Bartreng op 7 vun 13 Sëtz kënnt, also och net op e Koalitiounspartner ugewisen ass.

An hei d'Wahlverléierer:

D'DP vun Déifferdeng ass 22 Prozentpunkten an d'Gette gaangen, dat ass eng zolidd gewéitscht.

Och d'DP vu Walfer gehéiert zu de Verléierer, zesumme mat der lokaler LSAP, déi allen zwee ee Sëtz verléieren an elo Schwaarz-Gréng un d'Rudder loosse mussen.

Plaz maache muss wuel och d'Vera Spautz vun der LSAP um Buergermeeschteschstull vun Esch-Uelzecht, wou d'CSV - wéi geschriwwen - stäerkste Partei ginn ass.

Och den Henri Kox, grénge Buergermeeschter vu Réimech, gouf sanktionéiert. Minus 13 Prozentpunkte bedeiten zwee Sëtz verluer fir déi Gréng, an der Muselpärel kënnt et zu enger DP/CSV-Koalitioun.

En Abroch gouf et och bei der CSV vun Dippech, wou e Minus vun iwwer 15 Prozent zwee Sëtz manner bedeit ...

An zu de Verléierer gehéieren - last not least - och Déi Konservativ vu Péiteng, déi trotz engem adrette Marketing kee Sëtz kréien, mol net fir de Joe Thein.

Esou wäit dës - deels forcement subjektiv - Analys vun de markanteste Faite vun de Proporzgemengen um Wahldag.

Presserevue
Wéi déi Lëtzebuerger Presse op d'Resultater vun de Gemengewahlen, een Dag dono reagéiert, huet d’Nadine Gautier fir iech resuméiert.

Vun engem Debakel fir d’LSAP schwätzt de Gilles Siebenaler a sengem Editorial am Wort. Et misst zu enger Zitat „Schärfung vum LSAP-Parteiprofil“ kommen, am anere Fall kéint et wahrscheinlech och fir d’Chamberwahlen d’nächst Joer net ganz gutt fir d’Sozialisten ausgesinn. Bei deene schéngen d’Bierger keng Äntwert op hir Suergen ze kréien, schreift de Wort-Journaliste, deen dann och nach emol den Tour duerch d’Gemengen mécht fir do ze kucken, wien dann elo wiem Sëtz a Stëmme konnt ofknäppen. An do huet d’CSV landeswäit gutt ofgeschnidden, och besonnesch well et eng grouss Victoire fir déi chrëschtlech-sozial zu Esch gouf. D’CSV hätt sech a ville Gemengeréit nees zu engem potentielle Koalitiounspartner gemausert. Bei de Grénge goung et da vun grousser Victoire bis hin zu enger grousser Defaite: Rieds ass hei vun Déifferdeng a vu Réimech. Do dertëscht gouf et just geréng Aboussen a Gewënner.

„D’Revanche vun der CSV“.

Esou ass den Titel op der Une vum Quotidien, deen domadder op d’Resultater zu Esch kuckt. De Chefredakter adjoint an der franséischsproocheger Dageszeitung, de Laurent Duraisin, mengt dann och, datt no der Resultater vum Sonndeg, elo ganz séier wuel d’Campagne fir d'Chamberwahle wäert lancéiert sinn, wa se dann net schonn am gaangen ass. D’CSV op jiddefalls wéilt de Pouvoir nees u sech huelen, deen hirer Meenung no, hinnen ewech geholl gouf. „La Vengeance est un plat qui se mange froid“, esou de Laurent Duraisin.
Nieft der CSV, wieren Déi Gréng fir hiren Deel den zweete Gewënner, esou de Journalist am Quotidien. D’Aen wieren och op si geriicht en vue vun de Koalitiounen déi sech elo bilden. Ma de Journalist ernimmt do mat kengem Wuert déi grouss Defaite vum Réimecher Buergermeeschter Henri Kox.

« Rechtsruck », esou ass dann d’Iwwerschrëft am Tageblatt de Moien.

An der Dagezeitung hu sech d’Journalist vill Méi gemaach. Op 24 Säite gëtt op d’Resultater gekuckt, och op d’Majorzgemengen gëtt am Tageblatt ee Bléck gehäit. Am Editorial schwätzt de Lucien Montebrusco da vun engem onbekannte Wiesen: dem Wieler. Den Tageblatt-Journalist kuckt nämlech a sengem Artikel op d’Grënn, firwat d’CSV nees konnt de Wieler vu sech iwwerzeegen. Do gëtt vun enger CSV als Mamm vun der Natioun geschwat, déi d’Leit an onsécheren Zäiten Zitat „ënnert hir Fittiche“ hëlt, der LSAP géifen d’Leit dat Vertrauen net schenken. Dann ass do och nach den Trend, deen et schonn am Ausland gëtt, datt d’Parteie lénks vun der Mëtt net méi iwwerzeege kënnen, well se keng charismatesch Käpp hunn, well se net mam Changement an der Gesellschaft schénge mathalen ze kënnen.

Am Journal dogéint gëtt am Editorial net iwwert eis Gemengewahlen geschwat. Ma den Nic Dicken...

kuckt do op déi däitsch Politik. De Journal kommentéiert d’Wahlen dann och net, mä gëtt just een Iwwerbléck iwwert d’Wahlresultater vum Sonndeg.


Wahlen Resultater


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.