REPLAY1 Dag no de Wahlen - Politesch Analys mat de 6 Parteien

Een Dag no de Wahlen hu mer um Méindeg de Moien déi politesch Analys gemaach, zesumme mat de 6 Parteien, déi och an der Chamber vertruede sinn.

Et gouf Zefriddenheet am grousse Ganzen, och wann een Aboussen a verschiddene Gemengen ze verkraaften huet. Oder ass d’Onzefriddenheet awer méi grouss, wéi ee sech agestoe wëll, zum Beispill bei der LSAP. De Claude Haagen gouf net midd e Méindeg de Moien an der Table Ronde no de Gemengewahlen mat de 6 Partien déi an der Chamber sinn, d’CSV fir hire gudde Score ze gratuléieren.

Table ronde no de Gemengewahlen / Reportage Nadine Gautier



Et war jo ouni Zweiwel DÉI Iwwerraschung: D’CSV gewënnt zu Esch, d’LSAP léisst Plommen. Ee Muechtwiessel steet deemno an der zweetgréisster Gemeng am Land an d’Haus. Ma de Claude Haagen gesäit an der Defaite vun der LSAP net onbedéngt en Trend. Hie géif do d'Analys maache pro Gemeng, wou d'LSAP a verschiddene Gemengen, zu ënner anerem den Themen nohaltege Wunnengsbau, Mobilitéit a soziaalt Encadrement, e Rahmeprogramm gemaach huet. Dass d’LSAP landeswäit manner Stëmme krut, wier ze nuancéieren.

De Claude Haagen


Dës Gemengewahle si keen Test fir d’Chamberwahlen d’nächst Joer, dovunner hätt ee jo kéinten ausgoen. Och den Generalsekretär vun der CSV, de Laurent Zeimet, ass där Meenung.  Mat deem gudde Score, deen d’Chrëstlech Sozial erreecht hunn, hätt een elo awer eng gutt Ausgangsbasis. Et wier hinne gelongen, gestäerkt aus de Wahlen ervirgoen.

D'Landeswahle si méi ideologesch wéi d‘Gemengewahlen, seet den Alex Penning vun der ADR, deen e Méindeg de Moien och zouginn huet, datt ee liicht enttäuscht ass, wéi d’Wahlen zu Esch an Déifferdeng fir d'Partei ausgaange sinn, an och an der Stad. D'Rechnung do mat der Duebelspëtzt ass nämlech net opgaangen. Och wéinst der Affär ëm eng Kandidatin, déi op der Stater Lëscht stoung, seet den Generalsekretär vun der ADR. Wéi déi Saachen op de sozialen Netzwierker gepost gi sinn, war déi ganz Féierung am Congé, respektiv an der Vakanz. Déi Kandidatin hätt duerno direkt demissionéiert.

D’Carole Thoma, d’ Spriecherin vun déi Lénk, huet iwwerdeems vun engem politesche Signal geschwat, déi hir Partei zu Suessem gesent huet. Dat wollt de Christian Kmiotek vun de Gréngen net esou stoe loosse.

Nom Argument, dass déi Lénk hir Stëmme verduebelt hätten, koum vum Christian Kmiotek d'Géigenargument, dass hir Mandatairen no hanne gerutscht sinn an duerch Ex-LSAP a gréng Mandatairen ersat gi wieren.
 
Op déi zukünfteg Konstellatiounen an de Gemengeréit, wollt déi politesch Ronn e Méindeg de Moien net wierklech agoen. Hei gouf op déi nächst Deeg verwisen, wou Koalitiounsdiskussioune gefouert ginn.

D’DP, déi op verschiddene Plazen agebousst huet, wéi zum Beispill zu Déifferdeng a géint déi Gréng näischt ze radetten hat, wier awer generell zefridden, well een ee stabilt Resultat realiséiert hat, esou de Generalsekretär vun der DP, de Marc Ruppert.

De Marc Ruppert



Invitéiert waren:

Den DP-Generalsekretär Marc Ruppert,
Den LSAP-President Claude Haagen,
De Generalsekretär vun der CSV Laurent Zeimet,
De President vun Déi Gréng Christian Kmiotek,
Den ADR-Generalsekretär Alex Penning,
an d''Porte-Parole vun Déi Lénk, d'Carole Thoma.

Politesch Analys mat de 6 Parteien



LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.