No de Gemengewahlen 2017CSV wëll Juniorpartner vun der DP an der Stad ginn

Dat huet den CSV Spëtzekandidat Serge Wilmes am Journal vu 7.30 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg kloer duerchblécke gelooss.

© RTL Télé Lëtzebuerg

Wéi geet et weider an der Stad: Interview mam Serge Wilmes.



Dass déi Chrëschtlechsozial an der Stad zwee Sëtz dobäi gewonnen hunn an elo op 7 kommen, wier ee fantastescht Resultat, d'DP géif awer stäerkste Partei bleiwe mat ëmmerhin 9 Sëtz, huet de Serge Wilmes betount. Et wier deemno logesch, mat der DP a Koalitiounsverhandlungen ze goen an iwwert ee gemeinsame Programm fir d'Stad ze diskutéieren. D'Gespréicher sollen e Mëttwoch ufänken.

Op d'Fro, ob hien Uspréch op de Buergermeeschterposte géif stellen, sot de Serge Wilmes, dass ee muss Fouss beim Mol halen. Et wier kloer, dass d'DP stäerkste Partei ass an d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer bei Wäitem méi perséinlech Stëmme krut wéi hie selwer. Et misst een d'Realitéiten unerkennen a respektéieren, de Wieler hätt eng kloer Sprooch geschwat. Den CSV-Spëtzekandidat gesäit jiddwerfalls tëscht deene potentielle Koalitiounspartner méi een Equiliber, wéi dat bis ewell tëscht deene Bloen an deene Gréngen de Fall war. An dat misst sech och an hirem gemeinsame Programm erëmspigelen.

Wat eventuell Fuerderungen an de Verhandlungen uginn, misst fir d'éischt diskutéiert ginn, huet de Serge Wilmes betount an ass nach eemol op d'Haaptpunkten aus dem CSV-Wahlprogramm agaangen. Et sinn dat de Wunnengsbau, eng aner Stadentwécklung, deemno d'Quartiere méi sollen entlaascht ginn. Et dierft net alles voll gebaut ginn, mä et sollt een sech op méi grouss Flächen konzentréieren. An dann natierlech d'Mobilitéit verbesseren, um Niveau vum Bus, Vëlo an Tram. Och missten déi  ëffentlech Plaze méi flott an attraktiv gemaach ginn - All dës Punkte géifen der CSV um Häerz leien a solle mat der DP diskutéiert an an den nächste 6 Joer ëmgesat ginn.

Wéini Gespréicher kënnen ofgeschloss ginn, ass schwéier soen, sou nach de Serge Wilmes. Fir d'éischt misst gekuckt ginn, ob et vill Gemeinsamkeeten ginn, et misste Knackpunkten gekläert ginn.  Et soll awer sou séier wéi méiglech een Accord virleien. E sollt een net all ze vill Zäit verléieren, sou nach de Serge Wilmes. Eng blo-schwaarz Koalitioun an der Stad wier jiddwerfalls d'Zil, huet den CSV Politiker ofschléissend betount.

Gemengewahlen: Analys vun der Situatioun an der Stad (09.10.2017)
D'Sam Tanson vun deene Grénge war e Méindeg am Studio, de Serge Wilmes vun der CSV gouf vu bausse bäigeschalt. - Extraiten aus der Spezialemissioun!


D'Lydie Polfer hat et e Sonndeg den Owend scho gesot, mä d'DP an d'CSV hunn et um Méindeg den Owend confirméiert: si wäerten zesummen a Koalitiounsverhandlunge goen. An zwar vun e Mëttwoch den Owend un. Wann déi zwou Stater Sektiounen sech sollen eens ginn, da wiesselt de Juniorpartner an et kënnt zu enger neier Majoritéit an der Stad.

D'DP-Spëtzekandidatin a Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer sot e Méindeg den Owend op RTL Tëlee, dass déi Liberal wuel mat iwwer 30% stäerkste Partei an der Haaptstad bleiwen, et hätt een awer och constatéiert, dass d'CSV zwee Sëtz dobäi gewonnen huet. Dëst wier ee kloert Signal vun de Bierger, sou nach d'Lydie Polfer, deen ee misst respektéieren.

Och wann déi Gréng, de Koalitiounspartner vu bis elo, ee gutt Resultat realiséiert huet a seng fënnef Sëtz behalen huet, misst een awer och respektéieren, dass d'CSV dobäi gewonnen huet.

D'Sam Tanson vun déi Gréng, 1. Schäffe bis elo an der Stad Lëtzebuerg, huet e Méindeg den Owend op RTL Télé Lëtzebuerg eng gewëssen Enttäuschung duerchblécke gelooss, dass d'DP elo mat der CSV Koalitiounsverhandlunge wëll féieren.

Communiqué vun der DP-Stad


Le DP entame des négociations de coalition avec le CSV.

Les candidats du DP se sont réunis lundi soir pour analyser le résultat des élections communales du 8 octobre.

Ils ont constaté avec plaisir que le DP reste avec plus de 30% le premier parti au niveau de la capitale et que leur tête de liste a été élue de loin la première de tous les candidats.

Le DP constate cependant aussi que le CSV, avec un gain de 2 sièges, sort renforcé de ce scrutin.

En conséquence, il a été décidé d’un commun accord de tenir compte de ce résultat en entamant des négociations de coalition avec le CSV dès ce mercredi.

Communiqué vun der CSV-Stad

Weg frei für Koalitionsgespräche mit der DP

Der Vorstand der CSV Stad hat heute am frühen Abend das Wahlresultat gemeinsam mit den Kandidaten analysiert und hält folgende Punkte fest:

  • Die CSV ist eindeutig vom Wähler gestärkt worden (plus 6 Prozent) und kommt mit einem Stimmenanteil von 25 Prozent auf sieben Sitze im neuen Stadtrat (plus 2 Sitze).
  • Dieses Resultat ist ein klarer Auftrag Verantwortung im Schöffenrat zu übernehmen.
  • Die CSV stellt sich dieser Herausforderung und hat nach einer ersten politischen Sondierung einstimmig beschlossen, ab diesem Mittwoch Koalitionsgespräche mit der DP aufzunehmen. 
  • Die DP ist trotz Verluste in Prozentpunkten stärkste politische Kraft in der Hauptstadt und daher erster Gesprächspartner.


Déi aktuell Buergermeeschtesch wollt e Méindeg de Moien näischt dozou an e Mikro soen, den Text ass nach ëmmer dee Selwechten: D'CSV ass de Gewënner vun dëse Wahlen an der Stad an dofir fillt sech d'DP verflicht mat hinne Gespréicher an duerno Koalitiounsverhandlungen opzehuelen. Woubäi et och kloer wier, datt d'DP-Spëtzekandidatin, also d' Lydie Polfer, bei wäitem déi meescht Stëmme kritt hätt, wëll soen: Buergermeeschterin bleiwe géif.

Wéi geet et weider an der Stad / De Reportage vum Nico Graf



Genee dat kritt een och bei der CSV ze héieren: Si hätte gewonnen a wieren den nächste Koalitiounspartner vun der Stater DP. An, pour la petite histoire, et war een héiflech an et huet ee sech géigesäiteg um Telefon gratuléiert: De Serge Wilmes der Lydie Polfer, datt si stäerkst Fra mat der stäerkster Partei bliwwen ass an d'Lydie Polfer dem Serge Wilmes fir de Succès vun der CSV. Fein an héiflech - dat fänkt gutt un.

Déi Gréng iwwerdeems kënnen nëmme nokucken a waarden op déi blo-schwaarz-Koalitiounsverhandlungen e Succès ginn oder net.

E Méindeg den Owend um 18 Auer sëtze sech déi jeeweileg Parteien deemno zesummen, analyséieren d'Wahlresultat an decidéieren, wéi et weider geet.

Entretemps awer nach dëst: E Méindegnomëtteg um 15 Auer ass an der Stad nach Gemengerot. Wou technesch Froen um Programm stinn a wou sech vill geduecht wäert ginn.


Wahlen Resultater


 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.