No de GemengewahlenWéi geet et weider? Äntwerten op RTL Télé Lëtzebuerg!

D'Spezialemissioun vum Méindeg den Owend elo am Replay!

Um Dag 1 no de Gemengewahle sinn d'Parteigremien zesummekomm - e Méindeg den Owend gouf also parteiintern decidéiert, wéi et weidergeet, wou, wéi a mat wiem een eventuell koaléiere kéint ...

RTL Télé Lëtzebuerg ass an enger Spezialemissioun um 19 Auer nach eemol op d'Resultater vun de Wahlen agaangen. Am Fokus stoungen d'Stad, Esch an Déifferdeng.

No de Wahlen: Spezialemissioun um Dag duerno (1/2) (09.10.2017)
Mat engem spezielle Fokus op d'Stad, op Esch, an op Déifferdeng.


Vun deene Stater Grénge war d'Sam Tanson um Platto. Et gouf awer och eraus bei déi aner Kontrahenten aus der Stad, bei d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer a bei de méigleche Koalitiounspartner vun der CSV, Serge Wilmes, geschalt.

Béid Parteien hu jo um Méindeg den Owend wësse gedoen, datt si matenee schwätze wéilten, fir eng Koalitioun ze bilden.

Fir iwwert Esch ze schwätzen, waren am Studio de Georges Mischo (CSV Esch) an den Yves Cruchten, Generalsekretär LSAP, dee selwer zu Käerjeng vun der CSV geschloe gouf.

No de Wahlen: Spezialemissioun um Dag duerno (2/2) (09.10.2017)
Mat engem spezielle Fokus op d'Stad, op Esch, an op Déifferdeng.


An natierlech gouf och op Déifferdeng, bei de grénge Shootingstar Roberto Traversini, geschalt.


Wahlen Resultater


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.