Gemeng GroussbusPaul Engel gëtt neie Buergermeeschter

De fréiere Buergermeeschter Armand Olinger gouf als éischte Schäffe gestëmmt, de Marc Goelff gëtt zweete Schäffen.

Iwwerbléck vun de Resultater:

Paul Engel - 392 Stëmmen
Anne Steichen - 337 Stëmmen
Armand Olinger - 322 Stëmmen
Roger Gereke - 238 Stëmmen
Maggy Haas ép. Glesener - 236 Stëmmen
Jeannot Faber - 236 Stëmmen
Fos Schuster - 223 Stëmmen
Marc Goelff - 189 Stëmmen
André Stefanetti - 164 Stëmmen


Wahlen Resultater


De Communiqué vun der Gemeng:

Haut um 18h00 hunn sech déi 9 nei gewielte Gemengerotsmemberen am Gemengenhaus zu Groussbus getraff fir de neie Schäfferot ze bestëmmen.

D’Resultat vun den Diskussiounen an Ofstëmmungen ass folgend :

  • Buergermeeschter gëtt den Här Paul Engel
  • 1. Schäffen gëtt den Här Armand Olinger
  • 2. Schäffen gëtt den Här Marc Goelff

Et ass kee Splitting virgesinn.

Matgedeelt am Optrag vun de 9 Membere vum neigewielte Gemengerot Groussbus