Gemeng BechCamille Kohn bleift Buergermeeschter

Den Emile Bohnenberger bleift Schäffen, nei als Schäffe kënnt den Norbert Classen derbäi.

Den éischte Schäffe vu bis elo, Tom Becker, war net méi matgaangen.

Zu Bech hat jo net musse gewielt ginn, well sech fir déi 9 Poste just 8 Kandidate gemellt haten.

Déi goufe sech um Méindeg den Owend unanime eens, de Schäfferot esou ze besetzen:

Camile KOHN, Buergemeeschter
Emile BOHNENBERGER, Schäffen
Norbert CLASSEN, Schäffen

Deen alen an neie Buergermeeschter Camille Kohn.



Wahlen Resultater


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.