VIDEO: Gemeng MonnerechDP wielt CSV, LSAP muss an d'Oppositioun

D'Buergermeeschtesch Christine Schweich muss also Plaz maachen ...

Zu Monnerech waren d'Sozialisten déi stäerkt Partei bliwwen an och d'Buergermeeschtesch Christine Schweich war och Éischtgewielt (+22,5% vun de Stëmmen), trotzdeem dierft d'LSAP zu Monnerech déi nächst Mandatsperiod an der Oppositioun verbréngen.

D'Wahlresultat vu Monnerech am Detail.

D'Sozialisten haten nämlech 11 Prozentpunkte verluer an domat och zwee Sëtz, also och hir absolut Majoritéit - si waren op 39,1 % an op 5 Sëtz gefall.

Gläichzäiteg konnt d'CSV ëm 15,4 Prozentpunkten op 37,6% zouleeën an och 2 Sëtz gewannen - op 5 genee wéi d'LSAP.



Zu Monnerech ginn et 13 Mandater, vun deenen aneren 3 goung 1 un déi Gréng an 2 ware fir d'DP.

Déi huet um Méindeg den Owend, no ville Gespréicher, decidéiert, sech mat der CSV zesummenzedoen.

Monnerech gëtt also schwaarz-blo an d'Oppositioun gëtt rout-gréng.

D'DP erkläert um Dënschdeg, dass et zu engem Vott koum an datt d'Membere sech majoritär fir eng Koalitioun mat der CSV ausgeschwat hunn.

Extrait Serge Gaspar - DP Monnerech



E Méindeg den Owend gouf just dëse Communiqué verschéckt:

Élections communales 2017 – Commune de Mondercange

Dans le respect de la volonté des électeurs et après une analyse approfondie des résultats issus des urnes, les partis CSV et DP ont convenu d'entamer des pourparlers en vue d'une coalition.

Mondercange, le 9 octobre 2017

CSV – MONDERCANGE
Claude Clemes
Président

DP – MONDERCANGE
Jean Krantz
Président


D'Christine Schweich kann also net méi Buergermeeschtesch bleiwen.

Si fënnt et natierlech Schued, net méi Buergermeeschtesch ze sinn. Schued fir d'Gemeng, well hir Partei, d'LSAP hätt an den leschten 12 Joer vill geschafft. 

Si bedauert, datt elo zwou Parteien un d'Rudder kommen, déi -wéi si seet- bei Null ufänken.

Et wier eng Koalitioun, wou net onbedéngt den Intressi vun der Gemeng géif op éischter Plaz stoen.

Extrait Christine Schweich




© RTL Télé Lëtzebuerg - Christophe Hochard



Wahlen Resultater


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.