Gemeng BeetebuergLaurent Zeimet (CSV) bleift Buergermeeschter

Zu Beetebuerg bleift et bei der aktueller Dräierkoalitioun tëscht CSV, déi Gréng an DP.

Buergermeeschter bleift weiderhin de Laurent Zeimet vun der CSV, am Schäfferot sëtzen d'Josée Lorsché vun déi Gréng an de Gusty Graas vun der DP.

D'LSAP bleift weiderhin an der Oppositioun, och wann d'Sozialisten nach ëmmer stäerkste Partei zu Beetebuerg sinn. Reng theoretesch wier och eng rout-gréng Koalitioun méiglech gewiescht.

De 17. Oktober huet d'LSAP-Beetebuerg sech zu Wuert gemellt. Si wieren als klore Gewënner aus de Gemengewahlen ervirgaangen, goufen awer net mat un de Verhandlungsdësch invitéiert.

Communiqué LSAP-Beetebuerg

D’LSAP-Beetebuerg ass bei de Gemengewale vum 8. Oktober 2017 kloer als stäerkste Partei eraus gaangen, an dëst mat bal 10% méi Stëmme wéi déi zweetgewielte Partei. Mee leider souz och dës Kéier d’LSAP-Beetebuerg net mat um Verhandlungsdësch, trotz hirer klorer Kompromëssbereetschaft.

Dräi minoritär Parteien hu sech nach emol zesummegedoen an domat d’LSAP aus dem Schäfferot gehalen, dëst trotz engem Gesamtverloscht vu 4,6% fir déi 3 Parteien, woubäi déi klengste Partei eleng 2,8% verluer huet.

Dës Koalitioun ass wuel konform zum Walgesetz, par contre werft se eng Rei  Legitimitéitsfroen op. Mir wëllen dëst awer elo net weider kommentéieren an iwwerloossen dat dem Wieler bei den nächste Walen.

D’LSAP-Beetebuerg huet e kloert Mandat kritt a wäert alles drusetze fir datt déi demokratesch Prinzipien an eiser Gemeng och ëmgesat ginn. An den nächste 6 Joer wäerte mir dofir eng aktiv Oppositiounsaarbecht am Gemengerot maachen, am Interêt vun der Gemeng, vun alle Bierger a Biergerinnen, an am Aklang mat de grousse Linne vun eisem Walprogramm.

Och wëlle mir nach emol deene  40% Wieler Merci soen, déi eis hiert Vertraue geschenkt hunn.  

 

Communiqué LSAP-Bettembourg

Au lendemain des élections communales du 8 octobre dernier, le LSAP, toujours et de loin première force politique à Bettembourg, n’a une nouvelle fois pas été admis aux tables des négociations et ce malgré son ouverture au compromis clairement affichée.

Ainsi, trois autres partis minoritaires ont pu, grâce à la constitution d’une coalition, se hisser à la tête de notre commune, et ceci malgré une perte de 4,6 % pour cette coalition et un partenaire en net recul de 2,8 %.

Bien qu’elle soit conforme à la loi électorale, cette coalition soulève pour le moins des questions de légitimité. Nous ne nous y attarderons toutefois pas davantage. Il incombera aux électrices et aux électeurs d’en tirer les conséquences qu’ils estimeront appropriées lors des prochaines élections.

Malgré cette constellation, le LSAP ne reniera pas le mandat qui lui a été confié par près de 40 pourcent des citoyennes et des citoyens de la commune. Nos six représentants au Conseil communal continueront à défendre les intérêts de la commune et de ses habitants avec une politique d’opposition active et fidèle aux grandes lignes de notre programme électoral.

Fort du témoignage de confiance accordé aux candidats du LSAP aux élections communales, notre parti, loin de s’avouer vaincu, est fermement décidé à tout mettre en œuvre pour faire triompher les principes démocratiques dans notre commune.

A toutes celles et à tous ceux qui nous ont soutenus, nous adressons par la présente nos plus sincères remerciements.


Wahlen Resultater


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.