Koalitiounsgespréicher tëscht CSV, Gréng an DP"Inacceptabel Methoden zu Esch", seet de Jean Huss

Et war ee sech eens fir Koaltiounsgespéicher tëscht CSV, Gréng an DP. De Jean Huss schwätzt awer elo vun inacceptabele Methoden a gëtt d'Sektiounskaart of.

De Jean Huss huet seng Escher Sektiounskaart ofginn. Hien huet déi Gréng hei am Land matgegrënnt, war Deputéierten a Schäffen zu Esch. Mir hunn e Samschdeg de Moien mam Jean Huss geschwat, dee präziséiert, datt hien net mat der Grénger Partei op nationalem Plang an d'Geriicht geet, den Ulass wier eleng wat lokal zu Esch geschitt ass, wéi do d'Diskussiounen verlaf sinn nom Wahlsonndeg.

Déi Escher Gréng hate 17 Joer laang eng gutt Zesummenaarbecht mat der LSAP, och wann et mol Reiwereie gi sinn. Fir hien wier et méi normal gewiescht, déi 2 Säiten ze héieren: eng Kéier d'CSV, déi aner Kéier d'LSAP, déi zwar an de Wahlen verluer huet, trotzdem awer nach 6 Sëtz behalen huet. Et wieren 2 Méiglechkeeten gewiescht fir eng Koalitioun ze bilden. Vun enger Koalitioun mat der CSV hält hien net vill: Gréng an CSV, dat wären ëmmer 2 ganz verschidde Vuë gewiescht. Et soll een ophale mat de Kompromësser.

De Jean Huss (Extrait 1)



Am Quotidien seet den André Gilbertz, deen zanter 30 Joer fir déi Gréng zu Esch am Asazass, hien hätt per Mail an der Stad op nationalem Niveau gefrot, wéi dat elo géif goe mat de Koalitiounen. Hien hätt als Äntwert kritt: Schwätzt mat der CSV a maacht de Sak zou!

Och de Jean Huss schwätzt vun inacceptabelen interne Methoden an Drock, dee géif gemaach ginn, vun uewen erof. E Member hätt no enger nationaler Strategie vun deene Grénge gefrot an als Äntwert "Maacht just mat der CSV" kritt. Sou eppes ass net acceptabel, sou de Jean Huss weider.

De Jean Huss (Extrait 2)



De Jean Huss huet d'Situatioun zu Esch déi lescht 30 Joer suivéiert an och aktiv mat gestallt. Fir hien huet Esch eng gewëssen Symbolik, et wier ëmmer d'Metropol vum Süde gewiescht, déi immens Nohuelbedarf hat. Den entscheedende Punkt géint d'CSV huet näischt mat de Leit op der Lëscht ze dinn, mä et geet drëm, dass d'CSV um nationale Plang, wéi si de Finanzressort haten, ëmmer refuséiert hunn, iwwert eng Reform der Stad Esch déi Suen zoukommen ze loossen, déi gebraucht gi sinn, fir d'Stad no vir ze bréngen.

Ënner Gambia ass eng Gemengefinanzreform gemaach ginn, déi Esch iwwert dat nächst Joer 10 Milliounen Euro erabréngt. Suen, déi der Gemeng an de leschten 20 Joer gefeelt hunn. An deem Sënn huet d'CSV eng Anti-Esch-Politik gemaach, an domat ass emol net déi lokal Escher Sektioun viséiert, mä d'CSV insgesamt.

De Jean Huss (Extrait 3)



"Wann déi Koalitioune mat der CSV sollen d'Chamberwahle preparéieren, da renne mer an d'Mauer", mengt de Jean Huss. Dat, fir dat déi Gréng sech géifen asetzen, wär net dat, fir dat eng CSV steet.

Accord fir Koalitiounsgespréicher virun enger Woch
Lescht Woch en Donneschdeg haten d'CSV vun den Delegéierte gréng Luucht kritt, fir Koalitiounsgespréicher mat de Gréngen an de Bloen ze féieren. En Dag méi spéit dunn hunn och déi Gréng fir Gespréicher mat der CSV an der DP gestëmmt. Et war den zweeten Ulaf fir e Vote. 80% vun de gréngen Delegéierte waren d'Accord fir a Verhandlungen ze goen.

Wann déi Koalitiounsgespréicher reusséieren, dierft den nächsten Escher Buergermeeschter Georges Mischo heeschen. An d'LSAP mam Vera Spautz muss an d'Oppositioun.

Feu Vert vun der CSV um Donneschdeg

Entwécklung no de Gemengewahlen / Reportage Eric Ewald



Allzäit koum en Donneschdeg de Moien virun enger Woch e Communiqué eraus, an deem steet, dass sech d'CSV an déi Gréng aus der Minettmetropol e Mëttwoch den Owend gesinn hunn. Dobäi wär festgehale ginn, de respektive Gremie virzeschloen, Koalitiounsverhandlunge mateneen unzefänken, zesummen ebe mat der DP.

En Donneschdeg den Owend goung et bei d'Delegéiert, fir gréng Luucht fir sou Koalitiounsgespréicher ze kréien, sou de Spëtzekandidat vun der Escher CSV.

D'Delegéiert hunn dëst och guttgeheescht.

PDF CSV Esch

Déi Schwaarz an déi Gréng hätten e Mëttwoch den Owend op alle Fall ganz gutt a konstruktiv Gespréicher gehat. Hei goung et och net an éischter Linn ëm Posten, ma et huet een emol d'Wahlprogrammer nieftenee geluecht a gekuckt, wou et Gemeinsamkeete ginn an wou een net enger Meenung ass, sou nach de Georges Mischo.

An de Gespréicher wäre weider keng grouss Differenze mat deene Gréngen opgedaucht.

D'3er-Koalitioun mat zesummen 11 Sëtz kéint dem Georges Mischo no dann och stabel sinn.

D'Wahlprogrammer léichen net meilewäit auseneen, an et geséich net no engem Knackpunkt aus, deen eng 3er-Koalitioun onméiglech maache géif, betount den eventuell zukünftege Gemengepapp. Et sollt mat de Verhandlunge séier weidergoen, well d'Escher Gemeng awer e Betrib vu bal 1.200 Leit ass.

D'Koalitiounsverhandlunge sollten sou séier wéi méiglech op en Enn bruecht ginn, betount de Wahlgewënner vun e Sonnden.

De Georges Mischo mécht schwaarz-gréng-blo Undeitung
Am Virfeld huet de grousse Wahlgewënner, Georges Mischo, e Méindeg den Owend um Plateau vun RTL Télé Lëtzebuerg betount, dass ee mat all de Parteien, déi gewielt goufen, wéilt schwätzen. Op Säite vun der CSV wier jiddwerfalls nach keng Decisioun gefall. Villes deit awer an der Minettsmetropole drop hin, dass et a Richtung vun enger Dräierkoalitioun tëscht CSV, déi Gréng an deene Liberale geet.

Exrait Georges Mischo



Eng Optioun wier awer och eng grouss Koalitioun tëscht CSV an LSAP. Allerdéngs misst gekuckt ginn, ob domat och de Wielerwëllen respektéiert gëtt, sou nach de Georges Mischo, deen eegenen Aussoen no och eng rout-rout-gréng Koalitioun net ausschléisst, sollten sech déi eenzel Parteien ënnerteneen net eens ginn. Dowéinst misst elo anstänneg a seriö mateneen diskutéiert ginn.

Gemengewahlen: Analys vun der Situatioun zu Esch (09.10.2017)
Interview mam Éischtgewielten CSV-Spëtzekandidat Georges Mischo an dem LSAP-Generalsekretär Yves Cruchten am Studio. - Extraiten aus der Spezialemissioun!



Wahlen Resultater


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.