Mäertert-WaasserbëllegJérôme Laurent (LSAP) bleift Buergermeeschter

D’Kandidate vun der LSAP Mäertert-Waasserbëlleg sinn e Méindeg den Owend zesummekomm, fir eng Analys vun de Wahlresultater ze maachen.

© mertert.lu

Mat Ronn 52% huet d’LSAP d’Wahle kloer gewonnen. 6 vun 11 Sëtz am Gemengerot gi vun der LSAP besat. Domat huet d’LSAP och e kloren Optrag vum Wieler kritt, fir de Buergermeeschter an déi 2 Schäffeposten ze besetzen.

Déi gewielte Vertrieder hunn unanime decidéiert, dat de Spëtzekandidat an aktuelle Buergermeeschter Jérôme Laurent, weider déi nächst 6 Joer Buergermeeschter bleift. 1. Schäffe gëtt de Lucien Bechtold an 2. Schäffen d’Nadine Lang-Boever. Membere vun der LSAP-Fraktioun am Gemengerot si weider d’Colette Frisch, de Claude Franzen an de Roland Feipel.

"D’LSAP Mäertert-Waasserbëlleg wëll konstruktiv a fair mat den 2 Oppositiounsparteien zesummenschaffen.", esou d'Sektioun an hirem Schreiwes.


Wahlen Resultater


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.