JonglënsterDecisioun iwwer Koalitiounsverhandlungen um Dënschdegowend

D'CSV zu Jonglënster decidéiert am fréien Dënschdegowend, mat weem si Koalitiounsverhandlungen ufänkt.

D'CSV hat e Sonndeg ee Sëtz bäikrut a bleift mat 5 Mandater déi stäerkst Partei.

Méiglech Partner sinn d'DP (4 Sëtz) an déi Gréng (zwee Sëtz).

Déi Chrëschtlech-Sozial haten e Sonnde scho Gespréicher mat deene Gréngen an e Méindeg du mat de Liberalen. Direkt no der CSV-Reunioun vum fréien Dënschdeg den Owend dierft et iwwregens mat Koalitiounsverhandlungen an der gréisster Gemeng vum Walbezierk Oste lassgoen.


Wahlen Resultater


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.