PréizerdaulFréiere Schäffe Marc Gergen gëtt Buergermeeschter

Éischte Schäffe gëtt de René Zigrand, d'Plaz vum zweete Schäffe gëtt tëscht dem Marc Groben a Marc Rehlinger opgedeelt.

An der Gemeng Préizerdaul steet de Schäfferot. Buergermeeschter gëtt den éischtgewielte Marc Gergen, dee bis ewell Schäffe war. Éischte Schäffe gëtt de René Zigrand.

Beim zweete Schäffe kënnt et am Dall zu engem Splitting: Déi éischt 3 Joer iwwerhëlt de Marc Groben, fir déi zweet Halschent vun der Mandatsperiod ass et dann um Tour vum Marc Rehlinger.

De Gemengerot aus dem Préizerdaul:

Schaus Tom
Muller Fernand
Hilger François
Loes Michel
Boenigk Mareike

De Buergermeeschter vu bis ewell Fernand Heyart hat et net méi an de Gemengerot gepackt.


Wahlen Resultater


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.