Esch-SauerDe Marco Schank gëtt neie Buergermeeschter

De Marco Schank ersetzt den aktuelle Buergermeeschter Gilles Kintzelé, deen net erëmgewielt ginn ass.

© Domingos Oliveira

Och an der Gemeng Esch-Sauer sinn d'Wierfele gefall. Buergermeeschter gëtt de fréiere Minister an aktuellen Deputéierte Marco Schank, deen e Sonndeg déi meeschte Stëmme konnt verbuchen.

Op de Schäffeposten iwwerhuelen de Fränk Pereira an de Jeannot Sanavia. Den aktuelle Buergermeeschter Gilles Kintzelé war net erëmgewielt ginn.


Wahlen Resultater


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.