HesperLies bleift Buergermeeschter, Adehm, Beck, Juncker Schäffen

Zu Hesper huet d'CSV jo déi absolut Majoritéit. D'Equipe ëm de Buergermeeschter Marc Lies ass mat 8 Leit am Conseil vu 15 Leit vertrueden.

De bloe Koalitiounspartner mat Ali Thull a Claude Lamberty huet ee Sëtz verluer an ass nach mat 3 Conseilleren am Hesper Gemengerot vertrueden.

Zu enger Koalitioun kënnt et net méi, d'CSV regéiert domat eleng am Uelzechtdall.

An zwar gesäit deen neie Schäfferot esou aus:

Buergermeeschter bleift de Marc Lies, 1. Schäffe bleift d'Diane Adehm, 2. Schäffe gëtt de Georges Beck an 3. de Romain Juncker.

Domat gouf d'Wahlresultat genee respektéiert, déi 4 Leit waren déi mat de meeschte Stëmmen.

De Schäffe vu bis elo, Robert Leven, ass Fënnefte ginn, him hunn 11 Stëmme gefeelt fir eng Plaz, déi wuel eng Verlängerung vum Schäffemandat bedeit hätt.

D'Resultat vun Hesper am Detail.


Wahlen Resultater


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.