MunnerefKoalitiounsaccord tëscht DP an de Gréngen steet

Och zu Munneref si sech d'Gewënnerparteien eens, datt se och an Zukunft d'Soen an der Thermalstad behalen.

Um Dënschdeg gouf de Koalitiounsaccord tëscht der DP an deene Gréngen ënnerschriwwen, an dat obwuel déi Liberal déi absolut Majoritéit u sech hunn.

Kloren Wahlvainqueur zu Munneref war jo d'DP vum neien-alen Buergermeeschter Lex Delles, déi mat 6 Sëtz an 50% vun alle Stëmmen nach konnt e Sëtz bäileeën. Déi Gréng kommen dann och nees fir déi nächst 6 Joer mam Steve Schleck an de Schäfferot.


Wahlen Resultater


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.