No villem Hin an Hier3er-Koalitioun zu Schëtter steet!

D'Geschécker vun der Gemeng ginn iwwer déi nächst 6 Joer vun enger Majoritéit aus déi Gréng, LSAP a Schëtter Bierger geleet.

Dat huet den neie Buergermeeschter Jean-Paul Jost vun de Schëtter Bierger um Donneschdeg de Moien annoncéiert.

Zu Schëtter ass dann och elo den Accord fir eng 3er-Koalitioun no laangem hin an Hier definitiv ënnerschriwwen.

De Poste vum 1. Schäffe geet fir déi éischt dräi Joer un de Claude Marson vun der LSAP an duerno un d'Nora Forgiarini vun déi Gréng.

2. Schäffe gëtt de Vic Back vun de Schëtter Bierger.

"No dem dach e bësse méi spannende Start wäert dës Majoritéit hiert Bescht maachen am Interessi vun alle Bierger an der Gemeng Schëtter." huet de Jean-Paul Jost geschriwwen.



Wahlen Resultater



Zur Virgeschicht
Koalitiounsaccord zu Schëtter op der Kopp/Rep. Pit Everling



D'DP ass als stäerkst Partei aus de Gemengewahlen ervirgaangen, den Éischtgewielten ass awer e Kandidat vun der Biergerlëscht. Zu 4 wollte se zesummegoen, fir d'DP ze ëmgoen. Déi geplangte 4er-Koalitioun huet jo schonn zanter dem Accord en Dënschdeg fir esou munch politesch Reaktioune gesuergt.

No der CSV hat och d'LSAP e Mëttwoch de Mueren Demi-Tour gemaach an, an engem Communiqué nach virum Mëttwoch de Mëtteg gesot, datt een och net fir eng 4er-Koalitioun zur Dispositioun stéing. Interessant awer, datt dëst Schreiwes vun der Parteileedung koum, an net aus der lokaler Situatioun. Heiranner schreift de Parteipresident, datt eng 3er-Koalitioun mat enger vun de béide stäerkste Parteien eng logesch Konsequenz wier, eng Koalitioun zu 4 awer, wou ee vun de klengste Partner nëmmen dat fënneft Rad um Won wier, géif dofir refuséiert ginn. D'LSAP hat zu Schëtter 2 Sëtz verluer.

Nein zur Viererkoalition

Im Anschluss an die  Gemeindewahlen in Schüttringen kamen die Gewählten von Schëtter Bierger, CSV, LSAP und déi Gréng in einer ersten Phase überein, eine Koalition zu bilden.  Die CSV-Sektion Schüttringen hat nach eingehender Analyse des Wahlresultats beschlossen, dass ein solches Viererbündnis nicht im Interesse der Gemeinde Schüttringen ist und steht demnach nicht für eine solche Koalition bereit.

Für die CSV Schüttringen,

Philippe Hutmacher, Sektionspräsident

Jérôme Lehnertz, gewählter Gemeinderat

Keine 4er-Koalition mit LSAP


Nach den Gemeindewahlen vom 8. Oktober 2017 hieß es am gestrigen Dienstag, dass in der Gemeinde Schüttringen eine 4er-Koalition aus Schëtter Bierger (4 Sitze), CSV, LSAP und déi gréng (jeweils 1 Sitz) gebildet werden sollte. Die stärkste Partei im Gemeinderat, die DP (4 Sitze), sollte derweil auf der Oppositionsbank Platz nehmen.


Als LSAP sind wir der Überzeugung, dass grundsätzlich jene Parteien, die als Gewinner aus den Gemeinderatswahlen hervorgehen, eine Koalition und somit auch den Schöffenrat bilden sollen. In Schüttringen sind dies die DP und die Schëtter Bierger.

Nur in Ausnahmefällen, wenn sich die stärksten Parteien nicht auf eine gemeinsame Koalition einigen können, machen alternative Koalitionen Sinn. In diesem Fall sind wir als LSAP selbstverständlich bereit, unsere Verantwortung für die Gemeinde zu übernehmen.
Die Bildung einer 3er-Koalition in Schüttringen mit einer der beiden stärksten Parteien wäre eine logische und vertretbare Konsequenz, wenn eine Koalition zwischen DP und SB nicht zustande kommt.

Die Bildung einer 4er-Koalition hingegen, in der einer der kleinen Koalitionspartner stets das fünfte Rad am Wagen ist und notfalls auch übergangen werden kann, lehnt die LSAP daher ab.

Mitgeteilt am 11. Oktober 2017

Reaktioune vun de Leit vu Schëtter



D'lokal DP-Sektioun, déi de Buergermeeschter gestallt hunn, sot sech vum fréieren Koalitiounspartner "Schëtter Bierger" hannergaangen.

DEMOKRATESCH PARTEI SCHËTTER  gouf vum Groupement  politique  SCHËTTER BIERGER hannergangen.

Bei de Wahlen vum 8. Oktober 2017 goungen DP SCHËTTER mat 4 Sëtz an de Groupement d‘SCHËTTER BIERGER mat 4 Sëtz (zesummen 8 Sëtz vun 11) als kloere Gewënner eraus. D’Bierger aus der Gemeng haten zum Ausdrock bruecht dass déi bestoend Koalitioun zwëschen deenen 2 Parteien sollt weider gefuert ginn. 

DP SCHËTTER as no de Wahlen déi stäerkste Partei mat 32,1 % vun de Stëmmen a 4 Sëtz. Si huet souguer 1,6% bäigeluecht. De Spëtzekandidat vun de SCHËTTER BIERGER hat déi meeschten individuell Stëmmen.

Duerfir hat DP SCHËTTER  bei de Koalitiounsverhandlungen de SCHËTTER BIERGER de Buergermeeschterposten ugebueden, mat der Oplag dass DP als stäerkste Partei déi 2 Posten am Schäfferot géif besetzen.  DP war der Meenung dass domadder de Wielerwëlle respektéiert géif.

Et war ofgemaach, dass haut um Dënschdeg 17 Auer déi nächst Koalitiounsverhandlung tëschent de SCHËTTER BIERGER an der DP SCHËTTER sollt stattfannen. Hannert dem Réck vun der DP hunn dunn d‘SCHËTTER BIERGER e Koalitiounsaccord mat « DÉI GRENG », LSAP a CSV ënnerschriwwen.

DP SCHËTTER  bedauert  zu déifst dës onfair an onéierlech Aktioun vun hirem fréiere Koalitiounspartner.

Vun deenen 3 Parteien mat deenen d‘SCHËTTER BIERGER  eng Koalitioun ofgeschloss hun, hun der 2 bei de Wahlen Stëmme verluer, besonnesch LSAP déi massiv vun 3 op 1 Sëtz erofgerutscht as.

SCHËTTER BIERGER hunn domat de Wielerwëllen massiv mat Féiss getratt an. Si hun eng Front vu 4 Parteien géint de Wahlsieger opgebaut.  

DP SCHËTTER stellt sech Fro wéi effizient d’Geschécker vun der Gemeng kënne geleet ginn mat enger Koalitioun vu 4 Parteien.

DP SCHËTTER wäert sech als Oppositiounspartei konsequent fir den Interessi vun alle Biergerinnen a Bierger asetzen an zoumools waachen dass keng Partikularintressien zum droe kommen.

Des Biergerlëscht huet och e Mëttwoch de Moien reagéiert, a schwätzt vu Problemer mat der DP, ouni se konkret ze nennen. Et hätt een allemol net méi kënne mat géigesäitegem Respekt a Vertraue matenee schaffen, do gouf alles vill futti geschloen, déi lescht Joeren.

Schreiwes vun de "Schëtter Bierger"

Als Schëtter Bierger wëlle mer kloer stellen dat mir, wa mir als Koalitiounspartner no 6 Joer aplatz vun enger bequemer Majoritéit zu 2 fir eng Zesummenaarbecht mat  veschiddenen Partner optéieren schonn eis  Grënn hunn.

Mir hunn eis dës Décisioun bestëmmt nët einfach gemat. Mir wëllen d’Problemer tëscht eis an eisem Koalitiounspartner nët op der ëffentlecher Platz diskutéieren mäi mir sinn awer der Meenung dat géigesäitege Respekt a Vertrauen tëscht Koalitiounspartner déi wichtegst Punkte sinn. Dëst war awer leider nët méi ginn.

Mir hunn iwwer déi läscht Joer ëmmer eenzeg an eleng am Interessi vun alle Bierger an dëser Gemeng geschafft an dorunner wäert sech och näischt änneren. Mir bedaueren och zudéifst dat mir elo och nach Partikularintressien ënnerstallt kréien, mäi sou ass Politik.

Jean-Paul Jost, Vic Back

Mä och an der lokaler CSV-Sektioun schénge se alles wéi net zefridden iwwert de Cavalier Seul, deen en Dënschdeg de Sektiounspresident Philippe Hutmacher an de jonke gewielte Conseiller Jérôme Lehnertz gemaach hunn. An engem Bréif, deen eis virläit, an dee vu 4 Membere matgedroe gëtt, geet Rieds vun illegalem Handelen an et gëtt d'Demissioun vum President Hutmacher gefrot. Och an dëser Partei-Sektioun dierften also nach esou munch batter Diskussiounen ustoen.

Moien leif CSV Membren.

Ech sinn entsaat wei den Herr Hutmacher  CSV  Sektioun Schëtter futti mecht .   Net nemmen dassen eng  Wahlkampagne gefouert huet dei   enfantille an dei greisst Blamage   war , - Resultat hun mir jo erem kruut , -  ma elo hueten en Akt vollzunn der  CSV  Schetter op Generatiounen hin all Seriösiteit hellt .

Dobeier huet hien elo illegal gehandelt an   très gravement    gengt  CSV  Statuten verstouss 

Ob Grond vun deisen Virfäll  verlangen ech  ,  och am Num vun den CSV Membren  Gaby Strauss , Naemi Polfer an Dr.Laurence Polfer ,   dass den Herr Hutmacher nach Haut vun sengem Präsidenten Posten demissionneiert .

Den Här Lehnertz  ,  am meschten Stemmen kruet bei den Wahlen ,  dierf net Kandideieren fir den Präsidentenposten well hien hei an dem Spill dominant mat gemach huet .

Ech sinn batter enttäuscht an  CSV  Schëtter huet sech blameiert an Anwouner vun Schëtter widder den Kapp gestuess .

Leif Greiss      an ech hoffen dass innerhalb den kommenden Stonnen   deser  massiver  Ongerechtechkeet  eingehalt gebueden get .

                                          leif Greiss  Robert Polfer

 CSV Kandidat vun Gemengewahlen 2017   membre comité CSV Schëtter


Politesch Reaktiounen
D'4er-Koalitioun zu Schëtter, déi jo dann elo an där Form awer net kënnt, huet och den Inneminister Dan Kersch en Dënschdeg den Owend op Facebook reagéiere gedoen. Hien huet kee Versteesdemech gewisen, fir sech zu 4 géint déi stäerkste Partei zesummenzedoen. Hie schwätzt vu Magouille a wëll mat alle Parteien an der Chamber driwwer schwätzen, ob een net e Gesetz brauch.





Scho virun der Schëtter-Annonce hätt hien déi Meenung gehat, huet den Dan Kersch e Mëttwoch de Moien nach präziséiert. Et géif sécher Situatioune ginn, wou déi stäerkste Partei keng Majoritéit géif zesummekréien, dat kéint een net ganz ausschléissen. Mä wann aus der Exceptioun géif den Normalfall ginn, da misst een dergéintsteieren. D'Fro stellt sech natierlech un den Dan Kersch, firwat eng 3er-Koalitioun op Regierungsniveau à la Gambia dann an der Rei ass, eng 4er op Gemengenniveau awer net?

Um Regierungsniveau ass et de Grand-Duc, deen no de Wahlen sondéieren, geet a bei den eenzelne Parteien kucken, wéi d'Stëmmung ass a wéi eng Méiglechkeeten et ginn. De Grand-Duc mécht eng Propositioun a beoptragt duerno een fir d'Regierungsried. Dat hëlt vill Drock eraus, sou den Dan Kersch weider, anescht wéi bei de Gemengewahlen.

Den Dan Kersch



Bei 13%, déi net wiele gaange sinn, an ëmmer méi Politikverdrossenheet misst et erlaabt sinn, iwwer d'Thematik ze schwätzen, sou den Dan Kersch.

Fir d'Parteipresident vun der DP, d'Corinne Cahen, ass eng Majoritéit eng Majoritéit an deemno an der Rei.

D'Corinne Cahen



Politesch Reaktiounen - vum Carine Lemmer



D'Nervositéit vum Dan Kersch kéint ee jo verstoen, seet d'CSV, mä sech a kommunale Verhandlungen anzemëschen, wär ganz bedenklech, fënnt den CSV-Generalsekretär Laurent Zeimet. Et géif een et inakzeptabel fannen, dass den Inneminister iwwer lafend Koalitiounsverhandlunge Commentairen ofgëtt a se als Magouillen bezeechent. Een Inneminister misst eng gewësse Retenue hunn a sech net a Koalitiounsverhandlungen amëschen.

Ähnlech Reaktioun beim Gast Gibéryen vun der ADR. Et wier weder un engem Minister, a scho guer net un engem Inneminister, sech an d'Bildung vu Koalitiounen Majoritéite vu Gemengen anzemëschen. Da kéint ee sech d'Fro stellen, ob déi gréisste Partei an enger Gemeng oder an enger Regierung misst gehéiert ginn oder misst d'Recht op d'Initiativ kréien, eng Koalitioun ze maachen. Oder ob een eng Koalitioun ka maachen laanscht déi gréisste Partei. Do wär den Dan Kersch awer schlecht gestallt, mengt den ADR-Deputéierten. Déi aktuell Regierung wär jo och laanscht déi stäerkste Partei gaangen!

Déi Gréng fannen, datt ee gäre ka schwätzen, mä et soll een awer elo net vireileg sinn, seet d'Fraktiounspresidentin Viviane Loschetter. Et sollt een d'Koalitioune sech maache loossen a sech zu engem spéideren Zäitpunkt, wann d'Gemidder sech berouegt hunn, zesummesëtzen a kucken, wéi ee verschidden Elementer kéint verbesseren. Eng Majoritéit wär e Wielerwëllen, sou nach d'Viviane Loschetter.

Den David Wagner vun déi Lénk weess nach ëmmer net, wat deen ominéise Wielerwëllen ass. Wann eng Partei 40% kritt, wären nach ëmmer 60% eng Majoritéit. Et kéint een awer ëmmer iwwer alles diskutéieren. Mir wierejn an engem System, deen op der representativer Demokratie baséiert an do géif et just drëm goen, eng Majoritéit ze fannen. Hie wéisst net, wéi een dat besser kann encadréieren.

Objektiv fënnt de Claude Haagen, LSAP-President, et e schlecht Zeechen, wann een op eemol 4er-Koalitioune géint déi stäerkste Parteien duld. Et wier ee gutt beroden, an dat ass och d'Intentioun vun Inneminister, fir eng Kéier déi concernéiert Parteien ze ruffen, fir an engem Dialog ze kucken, wéi een dat do an Zukunft kéint vermeiden. Hien denkt do éischter un een iwwerparteileche, politesche Konsens, deen ee sech gëtt.

Den Dan Kersch selwer huet preziséiert, datt hien eréischt wëll mat alle Parteie schwätzen, wann d'Gemidder sech berouegt an d'Koalitiounen uechter d'Land sech fonnt hunn.

Schlusswuert vum Dan Kersch



Wahlen Resultater


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.