SandweilerEng Majoritéit mat oder ouni CSV?

D'Rechnen zu Sandweiler ass amgaangen, well egal wéi musse sech 3 Parteien zesummendinn, fir eng Majoritéit ze kréien.

An och zu Sandweiler ass eng méi lass. Do huet jo d'CSV ee Sëtz verluer. An dat huet déi ganz Arithmetik beim Findel a Bewegung bruecht.

Sandweiler: Rechnen no de Wahlen / Reportage Nico Graf

An zwar war d'CSV an enger Koalitioun mat der LSAP, déi zwee Sëtz hat. Dat huet zesumme mat de 5 vun der CSV eng Majoritéit vu 7 gemaach. An, vu datt d'CSV ee Sëtz verluer huet, kéim elo genee op déi Majoritéit vu 7 Sëtz eng Gambia-Koalitioun vun LSAP, de Gréngen an der DP. Mat der Spezialitéit, datt de Gréngen Jean-Paul Roeder da Buergermeeschter kéint ginn, wëll seng Partei eben 3 Sëtz huet, plus 1. An 3 plus 2 Bloer plus 2 Rouder mécht eben déi Majoritéit vu 7 géint d'CSV. Quitte, datt mat der Buergermeeschtesch Simone Massard a mat der Yolande Roller zwou CSV-Dammen als Éischtgewielt erakomm waren.

Mam Changement ass et och nach esouwäit, et gëtt geschwat a verhandelt.

De Malaise an der Koalitioun tëschent CSV an LSAP war apparent ginn, wéi et Buttek gouf ëm d'Renovatioun vun der Gemeng. Dat renovéiert Gebai sollt 2,6 Milliounen Euro kaschten. Vill ze deier a vill ze geckeg, sot d' LSAP. De Projet ass am Gemengerot zeréckgezu ginn, mä d'LSAP huet an engem Tract, deen an der Gemeng verdeelt ginn ass, de Spunnes mat der weiblecher CSV-Equipe gemaach. Déi géife sech opféiere wéi d'Marie-Antoinette virun der Revolutioun. Dat kéint een emol de Kapp kaschten. A wat kéint ee mat deem ville Steiergelder fir Jonk an Al net alles maachen zu Sandweiler.

Dee Renovatiouns-Projet ass zwar am Gemengerot zeréckgezu ginn, spillt awer an de Verhandlungen nach ëmmer eng Roll, well d'CSV dru festhält. Déi Rout an déi Gréng sinn emol schonn dergéint. Zu Sandweiler hunn also elo dräi Parteien d'Tentatioun Kinniginemécher ze ginn, fir eng CSV-Buergermeeschtesch oder awer de Grénge Jean-Paul Roeder zum Buergermeeschter ze kréinen. Et bleift spannend hannert der Kontrollstatioun, eng politesch file d'attente.


Wahlen Resultater


 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.