RéimechDP an CSV eens zu Réimech, Jacques Sitz Buergermeeschter

D'DP an CSV hu sech gëeenegt, datt d'DP mam Jacques Sitz de Buergermeeschter stellt.

Ganz batter war jo zu Réimech d'Defaite fir den gréngen Deputé-Maire Henri Kox, deen nëmmen Véiertgewielte gouf, sou datt seng Partei an der Muselstad 2 Sëtz e Sonndeg verluer hat.

D'CSV stellt mam Mike Greiveldinger den 1 Schäffen a mam Pierre Singer den 2. Schäffen. No 4 Joer geet den 2. Schäffen un d'DP mam Jean-Paul Kieffer.

Réimech war wuel eng vun de gréissten Deceptione fir déi Gréng, déi bis ewell 4 Sëtz haten, mee e Sonndeg 13 Prozentpunkten verluer haten. Réimech gëtt domat also Blo-Schwaarz, woubäi d'CSV och e Sëtz verluer hat mee d'DP der 2 bei krut, fir elo op 4 Sëtz ze kommen a mam Jacques Sitz also de neien Buergermeeschter stellt.


Wahlen Resultater


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.