ManternachJempy Hofmann gëtt neie Buergermeeschter

Den zweete Schäffen ass fix a gëtt de Claude Theisen. 1. Schäffen gëtt fir 3 Joer d'Alix Ungeheuer an dono d'Isabelle Steinmetz.

An der Gemeng Manternach wiesselt och de Buergermeeschter, do wou den Henri Frank nëmmen den Fënneftgewielte gouf an domat seng laangjäreg Carrière als Buergermeeschter op en Enn geet.

Neien Mann un der Spëtzt vum Manternacher Gemengerot gëtt de jonken Éischtgewielten Jempy Hoffmann.

Splitting dann um Posten vum 1. Schäffen an dëser Majorzgemeng am Osten, wou sech zwou Dammen no all Kéier 3 Joer ofwiesselen: d'Alix Ungeheuer an d'Isabelle Steinmetz.

Den zweeten Schäffen zu Manternach gëtt den Claude Theisen, deen hannert dem Jempi Hoffmann déi meeschte Stëmmen krut.

Weider am Gemengerot:

Henri Frank
Robert Mehlen
Alice Petri
Marie-Rose Lehmann-Thoss
Franky Hellers


Wahlen Resultater


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.