PéitengCSV wëll mat der LSAP schwätzen

D'CSV vu Péiteng war en Dënschdeg den Owend zesummen an huet decidéiert, intensiv Koalitiounsgespréicher mam Partner vu bis elo, der LSAP, ze féieren.

D'CSV ass zu Péiteng déi mat Ofstand stäerkste Partei a konnt hir 8 Sëtz behalen, d'LSAP hat ronn 7 Prozentpunkte verluer an och ee Sëtz, bleift awer mat 4 déi zweetstäerkst Fraktioun.

Zesummen hätt een also eng large Majoritéit vun 12 vu 17 Sëtz.

D'Resultat vu Péiteng am Detail.


Wahlen Resultater


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.