WäisswampechHenri Rinnen Véiertbeschtgewielten an awer Buergermeeschter

Interessant Decisioun zu Wäisswampech, wou de Buergermeeschter Henri Rinnen de Véiertgewielten vun e Sonndeg gouf an un der Spëtzt bleiwe soll.

Beschtplacéierte gouf de Michel Deckenbrunnen, deen awer elo net consideréiert gëtt, fir als Buergermeeschter oder Schäffe gefrot ze ginn.

Wéi mer confirméiert kruten, huet de Buergermeeschter et nämlech refuséiert, fir sech mam Éischtgewielten a seng Equipe un en Dësch ze sëtzen. Par contre wier sech den Henri Rinnen mat senge Leit eens, déi sech och esou als Equipe an der Wahlcampagne duergestallt haten, fir e Schäfferot ze forméieren.

Deemno géif den Henri Rinnen als Véiertbeschtgewielten awer Buergermeeschter bleiwen, de Norbert Morn géif Schäffe bleiwen an de Jos Vesque als 9- a Leschtgewielte kéint 2. Schäffen ginn - dës Opdeelung wollt eis de Buergermeeschter op Nofro hin net confirméieren, mä wuertwiertlech géif et him no "an dës Richtung goen".

Faktuell ass un der Methodik näischt falsch, well d'Equipe ëm de Buergermeeschter op 5 vun 9 Sëtz am Wämper Conseil kënnt - schwéier ze verstoen awer, wann déi 3 Beschtgewielt net am Schäfferot vertruede sinn. Ob dat wuel de Wëlle vun de Wämper Leit war? Déi Fro ass berechtegterweis ze stellen ...

Stellungsnam vun der Equipe Rinnen

Et war eng Wahlkampagne, di mat Onwourégten an Panikmacherei vun de Géigekandidaten gefouert gin as. Et war net fein an et huet an der Meenungsbildung eng Spaltung vun de Bierger aus der Gemeng provozéiert.

Fakt as : Mir hun, entsprechend de Recommandatiounen vum Ministère de l’Intérieur, e Gemengenhaaptuert, Weiswampach, mat gréissere Gebäier laanst d’N7 geschaaf.  Dës Gebäier sin mat Logementer a mat reelle Firmen besat. Mir hun bei 1850 Awunner méi wi dat Duebelt un Aarbéchtsplatzen, a vun däer Tatsach war och eise Premier Bettel virun 2 Méint hell begeeschtert. D’Gewerbesteier, di mir duerch dës Firmen  als Dotatioun zougestallt kritt hun (mir waren am landeswäite Ranking op Platz 2), hun eis erméiglécht eng ganz Rei vun Investissementer am Interessi vum Bierger ze realiséiren : Ausbau vun der Schoul a Maison relais a Crèche, 2 Wasserbehälter, Sportzenter an 2 Kulturzentren.

Also d’Leit misste kënnen zefridden sin.

Fakt as : di emliegend Dierfer sin an der Entwécklung matgeholl gin, hun hiren Duerfcharakter behalen, mais sin awer am Ennerhalt net ze kuerz komm.

Fakt as : Den Här Rinnen as en Dënsteg vum Här Deckenbrunnen ugeruff gin, nodeem den Här Deckenbrunnen a seng Lei taus der Equipe versicht hun 2 Memberen vun eiser Equipe emzestëmmen an fir hire Camp ze verpflichten. Dat entsprécht exakt dem Style, deen di Leit während der Wahlkampagne bedriwwen hun.

Fakt as : Mir hun als Equipe méi Stëmme kritt vun de Bierger wi di Géigenéquipe, also hu mir vum Wieler en Optrag kritt. Dat as Demokratie, och wann e puer Hassprediger méi Stëmme kritt hun.

Fakt as : De Jos Vesque war och am leschte Mandat staark agebonnen, huet séng Kritiken ubruecht, di och gréistendeels mat agefloss sin, kontrairement zu 2 aaneren, di dat letzt Joer hir Oppositioun manisfestéiert hun, fir sech ze profiléiren.

Mir wëllen duerfir kloer festhalen : Mir hun en Optrag vum Wieler kritt a mir wäerten an der Kontinuitéit eis Aarbécht fortsetzen, am Sënn an am Interessi vun all de Wämper Bierger.

Fi reis ganz Equipe : Henri Rinnen

 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.